Um Programm an der Chamber stoung gëschter d'Diskussioun ronderëm eng onofhängeg wëssenschaftlech Etüd, déi Kloerheet bei de rezente Corona-Infektiounen an Doudesfäll an den Alters- a Fleegeheemer brénge soll.
Clustere sollen ënnersicht ginn
Dozou louchen zwou Motiounen um Dësch. Eng vum CSV-Deputéierte Michel Wolter, déi refuséiert gouf, an eng vum LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo, déi ugeholl gouf. Allebéid hunn eng onofhängeg, extern Etüd iwwer d'Clusteren an den Altersheemer gefuerdert. Dat mam Ënnerscheed, datt d'Oppositioun géint eng Kooperatioun mat der Regierung war.
Déi selwecht Kritik koum vum CSV-Deputéierte Michel Wolter, deen d'Initiativ fir esou eng Enquête an och engem externen Audit lancéiert hat. Déi Lénk hate sech hirersäits fir eng Enquêtëkommissioun ausgeschwat.
Corinne Cahen léisst Kritik net gëllen
D'Familljeministerin huet d'Kritik, datt d'Regierung keng onofhängeg Enquête wéilt, net gëlle gelooss. Hire Ministère hätt d'Aarbecht richteg gemaach, huet d'Corinne Cahen ënnerstrach.
Nodeems d'Motioun vum Michel Wolter ofgeleent gouf huet déi ganz Oppositioun enger weiderer Motioun de Récktrëtt vun der Familljeministerin gefuerdert. D'Corinne Cahen wier net déi richteg Persoun op der richteger Plaz esou den CSV Deputéierte Michel Wolter. D'Motioun gouf schlussendlech mat de Stëmme vun der Majoritéit ofgeleent.