arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op knaschtegem Terrain

Zäithistoriker

|
reading time

6 min

Op knaschtegem Terrain

D'WM 1978 gouf an Argentinien vun enger bluddeger Militärdiktatur organiséiert. D'Genereel hunn d'Evenement benotzt, fir hiren Image opzebesseren. A senger Chronik schwätzt de Vincent Artuso iwwer ee vun de polemeschsten Evenementer an der Fussballgeschicht, de Mundial 1978.

reading time

6 min

D'Fussball-WM ass déi weltwäit meescht verfollegt sportlech Kompetitioun - virun den Olympesche Spiller. Déi éischt Ursaach ass natierlech, datt Fussball, mat enger hallwer Milliard registréierte Spiller an iwwer 200 Länner, mat Ofstand den universell beléiftste Sport ass.

Dono kënnt natierlech déi besonnesch Dramaturgie vun der Kompetitioun. Eng WM ass e Feuilleton, eng Serie, op déi ee véier Joer laang waart, an déi sech, wa se bis ugefaangen huet, lues, erbaarmungslos op en Denouement zoubeweegt - eng grouss, global Katharsis, no där just een Erwielten iwwereg bleift.

A wéi an all populärer Serie kann een ëmmer op onerwaart Twisten zielen an trotzdeem sécher sinn, datt d'Haaptpersonnagen zum Schluss och tatsächlech d'Haaptroll spillen. Zanter 1930 hu just aacht Länner d'Trophée gewonnen, fënnef dovunner méi wéi zweemol: Uruguay, Argentinien, Italien Däitschland a Brasilien.

Eng rar Occasioun fir en historesch belaaschten Nationalstolz ze expriméieren

De Succès vun der Kompetitioun kënnt awer och dovunner, besonnesch an enger globaliséierter Welt, datt se op enger nationaler Basis gespillt gëtt. D'WM ass eng - an der Regel - friddlech Aart a Weis sech uneneen ze moossen an Identitéiten opzebauen an ze feieren. An engem Land wéi Däitschland, ass esou eng Kompetitioun eng rar Occasioun, fir en historesch belaaschten Nationalstolz ze expriméieren; an engem Land wéi Brasilien, dat vun ethneschen a soziale Grief zerrass ass, ass d'Ënnerstëtzung vun der Nationalequipe wahrscheinlech den eenzege Facteur vun Zesummenhalt.

Fir d'Länner, déi se organiséieren, ass d'WM och eng eenzegaarteg Opportunitéit während engem Mount am Zentrum vun der Weltopmierksamkeet ze stoen a hiren Image, no bannen an no baussen, ze vermaarten. Frankräich huet zum Beispill 1998, während senger WM, mat senger Equipe black-blanc-beur, versicht seng Diversitéit ze subliméieren; Däitschland huet sech 2006 wéi eng geloossen, gaaschtfrëndlech Natioun duergestallt, déi net méi gefaart huet, den eegene Fändel ze exhibéieren.

Skandaléis Fussball-Weltmeeschterschaften

Wat fir Demokratië gëllt, gëllt natierlech och fir korrupt, diktatorial oder carrement totalitär Regimmer vis-à-vis vun deenen den Organisateur vun der WM, d'FIFA, soen mir emol, keng Beréierungsangscht huet. D'WM 1934, déi an Italien stattfonnt huet, huet dem Mussolini erlaabt, der Welt d'Errongeschafte vu sengem faschistesche Regimm virzegaukelen.

Déi vun engem politesche wéi och sportleche Standpunkt skandaléist WM ass awer déi vun 1978 an Argentinien, déi vun der Militärdiktatur organiséiert gouf. D'Arméi hat, am Mäerz 1976, duerch e Putsch, d'Muecht u sech gerass. D'WM war dem Land ewell schonn zéng Joer virdrun attribuéiert ginn. Mee d'FIFA, déi net onbedéngt vu Reformisten dominéiert war, war zefridde mat Leit schaffen ze kënnen, fir déi Uerdnung ganz sécher eng Prioritéit war; déi argentinesch Genereel hunn hirersäits an der WM d'Méiglechkeet gesinn, d'Argentinier ëm sech ze versammelen an hir international Reputatioun opzebesseren.

Et ass interessant de Militärregimm vum Generol Jorge Videla a säi Kontext ze setzen an déi Epoch och ausserhalb vu Westeuropa ze betruechten. Et kann een da feststellen, datt de Kale Krich guer net esou kal war; datt de Westen, genee wéi den Osten, d'Mënscherechter konnt veruechten; datt d'68er-Generatioun net iwwerall d'Friichte vun enger freedeger Revolutioun genoss huet; datt e Land géint seng eege Populatioun skrupellos Methode vun enger kolonialer Arméi konnt uwenden.

Allianz tëscht Militär, CIA a franséischen Offizéier

Wéi déi meescht Länner op der Welt, war Argentinien an den 1960er Jore vun engem erneierten, lénken Enthusiasmus erfaasst ginn. Mee d'Stituatioun huet do éischter u Spuenien an den 30er erënnert, wéi u Paräis, Berlin oder Berkeley am Mee 1968. A Latäinamerika waren d'Ongläichheeten onvergläichlech héich a strukturell, d'Fronten onversöhnlech opposéiert. Bewaffnet Guerillaen hu sech organiséiert géint déi déi traditionell Elitte mat der Formatioun vu Militärdiktaturen - wéi zum Beispill an Uruguay, Paraguay, Chile, Brasilien an eben och Argentinien - reagéiert hunn.

D'argentinesch Diktatur huet sech selwer d'Missioun ginn, déi westlech a chrëschtlech Zivilisatioun ze retten. Si huet déi "rout Subversioun" wéi eng biologesch Gefor betruecht, géint déi just eng Method effikass war: d'Vernichtung vun den infizéierten Individuen. D'Militären hu mat der Hëllef vun der CIA gehandelt, mee och mat der Hëllef vu franséischen Offizéier, déi hinnen hir, an Algerien ausgefeilte Methoden, bäibruecht hunn. Dausende vu Studenten, Aktivisten, Gewerkschaftler, Journaliste goufe verhaft. A "geheim" Lagere si si systematesch gefoltert an ermort ginn.

A Wierklechkeet waren déi Plaze mol net geheim - an dat war och gewollt. Dat berüchtegtst Lager war an der ESMA ënnerbruecht ginn, der technescher Akademie vun der argentinescher Marinn. Dat Gebai läit matten an engem residentielle Quartier - a knapp ee Kilometer ewech vum River-Plate-Stadion, wou souwuel d'Erëffnungsspill an d'Finall vun der WM 1978 stattfonnt hunn. Iwwerdeems si gefoltert goufen, hunn d'Prisonéier d'Supporteren héieren, wéi se jubiléiert hunn.

Ënnerschiddlech Reaktioune vu Fussballspiller

Am Ganzen huet d'Militärdiktatur ongeféier 30.000 Leit ermort. Déi Bilanz konnt eréischt nodréiglech gemaach ginn, mee deemools war Villes och schonn ausserhalb vun Argentinien bekannt. D'Fro no der Participatioun huet sech an all de qualifizéierten europäesche Länner gestallt. A Frankräich gouf e Boykott-Comité gegrënnt, deen d'Situatioun mat den Olympescher Spiller vu 1936, zu Berlin, verglach huet. Eng Handvoll Spiller huet sech geweigert an Argentinien ze goen, ënner Anerer den hollännesche Superstar Johan Cruijff - och wa seng Motivatiounen haut nach ëmmer onkloer sinn.

E gudden Deel vun der däitscher Ëffentlechkeet huet de Mundial och ugeprangert. Den DFB hat awer kee Verständnis fir gauchistesch Bedenken. Säi President, de Saarlänner Hermann Neuberger, huet souguer en Treffen tëschent dem fréieren, an Argentinien exiléierten Nazi-Propagandist Hans-Ulrich Rudel an de Spiller vun der Nationalmannschaft organiséiert.

Déi hunn hirersäits versicht, hir Präsenz ze rechtfäerdegen. De Berti Vogts, spéideren Nationaltrainer, huet sech domm gestallt, wat wahrscheinlech keng Leeschtung war, an huet deklaréiert :"Argentinien ist ein Land, in dem Ordnung herrscht. Ich habe keinen einzigen politischen Gefangenen gesehen." De Manfred Kaltz huet dogéint vill méi riicht eraus, egoistesch geäntwert: "Ich fahr da hin, um Fußball zu spielen, nichts sonst. Belasten tut mich das nicht, dass dort gefoltert wird. Ich habe andere Probleme."

Et gouf alles gemaach, fir datt déi argentinesch Equipe gewënnt

An Argentinien selwer hu Verschiddener versicht ze protestéieren. Déi déi deemools d'WM gekuckt hunn, kënne sech vläicht nach erënneren, datt d'Gol-Pottoen ënne schwaarz ugestrach waren. Dat war en diskreten Trauerausdrock, deen d'Zensur iwwersinn hat. Den argentineschen Trainer, den César Luis Menotti, deen, wéi vill vu senge Spiller, keen Unhänger vum Regimm war, huet seng Equipe trotzdeem opgemontert d'Coupe ze gewannen. Wann net fir d'Genereel, da wéinstens fir d'argentinescht Vollek.

Anscheinend hat de Menotti awer manner BedenkeN, wat d'Methoden ugeet. De Militärregimm war zu Allem bereet, fir d'Victoire vun den Albicelestes ze garantéieren. D'Halleffinall géint de Peru gouf arrangéiert, an haut nach gëtt gemunkelt, datt d'Argentinier, déi d'Finall géint déi groussaarteg hollännesch Equipe gewonnen hunn, sou massiv gedoppt waren, datt si nom Match nach annerhallef Stonn laang ronderëm den Terrain gelaf si fir d'Gëft erauszeschweessen.

D'WM war fir de Regimm e Succès. Sou laang huet deen awer net gedauert. No enger Nidderlag op hirem eigentleche Kompetenzfeld, an engem richtege Krich, an zwar dee géint Groussbritannien ëm d'Falklandinselen, hunn d'Genereel 1982 dann endlech d'Muecht missen opginn.