Geschicht Op der Sich no Unerkennung: Zu Lëtzebuerg an international
Den Zentrum fir Zäit- an Digitalgeschicht, C2DH, besteet elo zanter bal fënnef Joer op der Uni Lëtzebuerg. Zanterhier versicht den C2DH-Direkter Andreas Fickers ee schwierege Spagat ze maachen: engersäits strieft den Zentrum eng international Renommée am Beräich vun der digitaler Geschicht un, anerersäits soll d'Recherche fir déi Lëtzebuerger Ëffentlechkeet relevant sinn.
An dee Spagat géif dem C2DH geléngen, ass den Andreas Fickers iwwerzeegt. Den Zentrum hätt sech weltwäit een Numm an der Digitalgeschicht gemaach a renomméiert Fuerscher kënnen unzéien. An anescht wéi ee kéint mengen, wier Lëtzebuerg och aus internationaler Siicht duerchaus een interessante Fuerschungsgéigestand.
Eng Iddi, déi den C2DH huet, ass d'Luxembourg Time Machine, wou ee wëllt en digitaalt Archiv vun der Lëtzebuerger Geschicht opbauen. Dat soll et méiglech maachen op eng ganz nei Aart a Weis déi Geschicht ze erfuerschen.
"Dat wier a kengem anere Land méiglech, dat op engem nationalen Niveau ze realiséieren. Et gëtt Time Machines vu Paräis oder Antwerpen, also vu Stied, mee net vun engem Land."
Et ass schwéier, Studenten ze begeeschteren
Den C2DH wéilt eng kritesch wëssenschaftlech Stëmm sinn an der ëffentlecher Ausenanersetzung mat der rezenter Lëtzebuerger Geschicht, esou den Andreas Fickers. Ëmsou méi schued wier et awer, datt sech wéineg Lëtzebuerger Studente fannen, déi eng akademesch Karriär ustriewen.
Den Andreas Fickers mengt, datt déi meescht Studenten eng Plaz beim Staat wéilten hunn oder Enseignant ginn.
"Well als Professer an engem Lycée verdéngt ee méi ewéi als Professer op der Uni. Mir hu ganz vill Projeten, zum Beispill iwwer de Kolonialismus aus Lëtzebuerger Siicht oder och den Zweete Weltkrich, wou mir immens vill Problemer hu fir Lëtzebuerger ze fannen, déi een Doktorat wëlle maachen."
Optraagsfuerschung ass net ëmmer evident
Nieft klassesche Publikatiounen, Konferenzen an Ausstellungen, versicht den C2DH ee méi breede Publikum och mat digitalen Ausstellungen ze erreechen. Do kéint een da mat neie Forme vum digitale Geschichtenerzielen experimentéieren, mee och Archiven opschaffen an accessibel maachen.
D'lescht Joer huet den Zentrum ënner anerem d'Firmegeschicht vun der Post a vun der Banque Générale beliicht. Och bei Optraagsfuerschung misst déi wëssenschaftlech Onofhängegkeet garantéiert bleiwen - mat der Post hätt dat ganz gutt geklappt.
Bei anere Projete wier dat méi delikat, seet den Andreas Fickers, "wou d'Partner probéieren d'Interpretatioun ze definéieren oder [wou] Sujeten net solle presentéiert ginn an der Ausstellung. Do muss een da méi diplomatesch schaffen. Fir Historiker ass dat net esou einfach."
Knackpunkt Digitaliséierung
D'Finanzplaz huet déi lescht Joerzéngten eng extrem wichteg Roll zu Lëtzebuerg gespillt - an der zäithistorescher Fuerschung spigelt sech dat nach net esou erëm. Zejoert huet den C2DH ee Buch iwwer d'Geschicht vun der Bankenopsiicht CSSF publizéiert. An eigentlech géif et hei nach vill méi ze erfuersche ginn, seet den Andreas Fickers, mee d'Archive vum Finanzministère wieren zum Beispill 100 Joer ënner Verschloss.
Generell wier dat neit Archivgesetz ze restriktiv fir d'Fuerschung. An da géifen d'Moyene feele fir Archiver och accessibel ze maachen:
"Ech géif soen, datt mir do ee gewësse Retard hunn hei am Land, wann et drëms geet déi Dokumenter ze digitaliséieren an och online zougänglech ze maachen. D'Nationalarchiven an d'Nationalbibliothéik schaffe mat engem limitéierte Budget. Mir hu vill méi Demandë fir Dokumenter ze studéieren an ze analyséieren, ewéi d'Archive kënnen inventariséieren an digitaliséieren."
Och déi lokal Verankerung um Belval wëllt den C2DH fleegen. Den Zentrum bedeelegt sech mat engem Fuerschungsprojet un der Kulturhaaptstad Esch 2022:
"D'Iddi ass, datt mir eng virtuell Ausstellung an och eng App entwéckelen, wou d'Visiteure vun Esch d'nächst Joer déi industriell Geschicht op eng nei Aart a Weis kënnen entdecken. Mir probéieren do eng ganz variéiert Vue op d'Geschicht vum Minett ze presentéieren. Do geet et ëm d'Geschicht vun der Migratioun, et geet ëm Ëmweltgeschicht. Dat ass ee Beräich, deen nach iwwerhaapt net opgeschafft ass an deen enorm wichteg ass. Mir probéieren also och nei thematesch Akzenter ze setzen."
Wéi geet et finanziell weider?
Aktuell schaffen eng 120 Leit am C2DH. An eigentlech misst den Zentrum nach wuessen, seet den Andreas Fickers, deem säi Mandat als Direkter grad ëm fënnef Joer verlängert gouf. Elo kéint et awer schonn ee Defi gi fir de Projet iwwerhaapt emol ze konsolidéieren, seet den Historiker mat Bléck op d'Budgetsverhandlunge fir déi nächst véier Joer.
"D'Signaler sinn däitlech, datt d'Budgeten déi nächst Joren net méi sou wuessen ewéi an der Vergaangenheet. Et geet och Rieds vun engem 'budget freeze'. Do musse mir kucken, wou mir eis als Zentrum an där Situatioun positionéieren."
D'Drëttmëttel vu private Partner oder vum Nationale Fuerschungsfong sollen dëst Joer ronn 40 Prozent vum Budget vum C2DH ausmaachen, deen domadder bei liicht iwwer zéng Milliounen Euro géif leien.
Ideal wier et, wann de garantéierte Finanzement iwwer d'Uni 70 Prozent vum Budget ausmécht, mengt den Andreas Fickers. Soss missten d'Fuerscher ze vill Zäit dermat verbrénge fir Fuerschungsgelder u Land ze zéien, amplaz wierklech kreativ Aarbecht ze leeschten.
De ganzen Interview mam Andreas Fickers: Den C2DH-Direkter am Gespréich