Verfassungsreform Onofhängegkeet vum Parquet kënnt wuel net an d'Verfassung

De Léon Gloden schléisst trotz de ville kriteschen Avisen aus, datt awer nach eng total Onofhängegkeet vum Parquet als Prinzip an d'Verfassung stoe kënnt. D'Opportunité des poursuites kéint awer explizitt dra kommen.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Léon Gloden
De Léon Gloden ass Deputéierte fir d'CSV

Den ausdrécklechen Hiwäis op d'Independance vun de Procureuren, deen 2018 mam Accord vun der CSV an de Projet vun enger neier Verfassung geschriwwe gi war, gouf zwee Joer méi spéit op Drock vun der CSV aus enger neier Text-Propose gestrach.

Dat gëtt vu ville Säite kritiséiert - international z.B. vum GRECO, deem renomméierte Gremium vum Europarot, an national ë.a. vum Parquet selwer. Dozou seet de Léon Gloden:

"Wann d'Independance vum Parquet an deem Sënn soll absolut sinn, da musse een och d'Independance bis zum Schluss huelen. Wéi funktionéiert de System haut hei zu Lëtzebuerg? En matière pénale hëlleft de Parquet dem Justizministère Projets de loie schreiwen. D'Projets de loi komme bei eis an d'Chamber, mir diskutéiere se. Den Avis vum Staatsrot kënnt: Et sëtzt ee vum Parquet am Staatsrot! An da gett et gestëmmt an herno applizéiere se déi Gesetzer, déi se selwer zweemol mat ausgehandelt hunn: eng Kéier wat hir Aufgab och deelweis ass, fir de Justizminister ze beroden, an dann eng Kéier am Staatsrot. Dat hunn ech net am GRECO-Rapport gelies."

De Léon Gloden kéint sech awer virstellen, datt d'Opportunité des poursuites, iwwer déi de Parquet eleng decidéiert, explizitt an d'Constitutioun ageschriwwe gëtt.

Kritik un der Martine Solovieff

Den CSV-Deputéierten huet zouginn, datt de Protest vun der Procureure générale Martine Solovieff an engem Bréif un de Chamberspresident géint eng Rei parlamentaresch Ufroen iwwer d'Jucha-Datebanken den CSV-Revirement mat beaflosst hätt.

Hie fënnt et awer inakzeptabel, datt nodeems d'Chamber géint dee Bréif protestéiert huet, d'Procureur général gesot hätt si géif et nach eng Kéier d'selwecht maachen. "An anere Juridictiounen hätt entweder de Procureur général oder de Justizminister misste säin Hutt huelen", esou de Léon Gloden.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Viviane Reding
Gewaltentrennung

D'Viviane Reding kritiséiert, datt d'Martine Solovieff ëffentlech Bedenken iwwer d'5G-Technologie geäussert huet. Zu Lëtzebuerg géife Politiker iwwer d'Politik entscheeden, net Riichter oder Procureuren.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen