arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Online-Festival

Until It Gets Better

|
reading time

2 min

Online-Festival

De Georges Goerens, Solo als Bartleby Delicate bekannt a Sänger bei der Band Seed to Tree huet fir kommende Mëttwoch ee binationalen Online-Festival aus dem Confinement organiséiert.

reading time

2 min

"Mir wollten ee Message senden, datt mir trotz der zouener Grenz zu Däitschland am Kapp ouni Grenze bleiwen."

Dëse Mëttwoch gëtt et dofir op "dringeblieben.de" een Online-Festival ënner dem Titel "Until It Gets Better" mat Lëtzebuerger an däitsche Museker, déi vun hirem Doheem aus de Public op béide Säite vun der Grenz adresséieren.

"De Coronavirus zwéngt eis, kreativ ze ginn. Mat Seed to Tree ware mir dacks streng, oder liddereg, wat d'Schaffe mat méi indirekte Mëttelen ugeet. Wann een et net direkt konnt upaken a spillen, hu mer et dacks emol guer net opgeholl. Elo hu mir guer keng aner Wiel, wéi eisen Aarbechtsprozess ze beräicheren, an déi Songs, déi mer amgaange sinn ze maachen, kléngen dofir anescht wéi soss."

Seed to Tree sinn dann och Headliner vum Festival, vu Lëtzebuerg si soss nach déi jonk C'est Karma a Francis of Delirium agelueden. D'LIN, ex-Member vu Bender und Schillinger, spillt Solo vun däitscher Säit mat, genee wéi de Frère vun Dormund an hir befrënnte Band Walking on Rivers, mat deene si schonn dacks an Däitschland gespillt hunn.

All Iwwerschoss vum Festival, bei deem den 100,7 offizielle Partner ass, geet un d'Verbesserung vun de Liewenskonditiounen an de griichesche Flüchtlingslageren un der EU-Aussegrenz. Lass geet et dëse Mëttwoch ëm 18h30, live op 100,7 an op www.dringeblieben.de.