Gemengewahlen Oniwwerbréckbar Meenungsdifferenzen

D'Lescht fir d'Gemengewahlen vun déi gréng aus der Gemeng Suessem läit vir. Déi aktuell gréng Schäffin Myriam Cecchetti, déi 2011 als éischt gewielt war, ass net méi op der Lëscht. D'Meenungsdifferenze mat der lokaler Sektioun wieren ze grouss, seet de President vun déi gréng vu Suessem, Robert Rings.

Maxi Pesch / pro

SuessemSchlass01.jpg
Schlass zu Suessem (Cayambe op Wikipedia, CC BY-SA 1.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=14623871)

Als Grond fir dës Divergenzen nennt de Robert Rings d'Designatioun vum President vum Office Social. Am Koalitiounsaccord mat der LSAP wier festgehale ginn, datt déi gréng dee Kandidat géingen acceptéieren, deen d'LSAP géing proposéieren. D'Myriam Cecchetti wier mat dësem Choix awer net averstane gewiescht, a si hätt fir eng aner Persoun gestëmmt.

Dat war den LSAP Conseiller Jos Piscitelli, deen zesumme mat der Myriam Cecchetti responsabel ass fir de Projet vun der Epicerie solidaire zu Zolwer. Am Hierscht d'lescht Joer gouf et Kaméidi tëschent der LSAP an dem Jos Piscitelli - deen doduerch och net op der Lëscht vun der Lokaler LSAP Sektioun figuréiert. Op Nofro hin, sot d'Myriam Cecchetti, datt déi gréng net méi hire moraleschen a mënschleche Wäerter entspriechen.

"Esou gréng wéi den Trump"

"Hei gi Poste verdeelt, a Koalitiounen ausgeschafft, déi nach guer net méiglech sinn", sot d'Schäffin vu Suessem am 100,7-Interview. Si géing bei esou Saachen net matmaachen. Hei géif et fir verschidde Memberen ëm perséinlech Interesse goen, déi iwwert deene vun der Partei stéingen.

"Déi Persoune sinn esou vill gréng, wéi beispillsweis den Donald Trump", kritiséiert d'Myriam Cecchetti weider. Konkret wieren dat de Spëtzekandidat Alain Cornély an d'Chantal Faber-Huberty. Si hätt bei de leschte Wahle méi Stëmme kritt, wéi béid Kandidaten zesummen. Et wier also ganz offensichtlech, wat hei geschitt wier.

D'Myriam Cecchetti weess nach net, ob si sech politesch wäert weider engagéieren.

Méi zum Thema

Philippe Poirier
Verfassungsreform

D'Campagne fir e Verfassungsreferendum däerf net fir elektoral Zwecker politiséiert ginn. Dat ass eng Konklusioun vun der Etude "Constitulux" vun der Uni.lu, un där de Politolog Philippe Poirier bedeelegt war.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen