En Haaptproblem vun den ONGe wier dëst Joer gewiescht, datt si keng Aktivitéite bausse bei de Leit hätten organiséiere kënnen, esou d'Nicole Ikuku.
ONGe manner visibel
Spenden ze generéiere war 2020 méi schwiereg. An och um Terrain ze hëllefen ass méi komplizéiert ginn - dobäi sinn d'Problemer an der Welt duerch d'Corona-Pandemie nach weider verschlëmmert ginn, seet d'Directrice vum Cercle de Cooperatioun des ONGD du Luxembourg.
"Wann een um Terrain, sief et op de Philippinnen, sief et am Guatemala oder am Burkina Faso, scho schwiereg Situatiounen hat, wéinst der Securitéit, wéinst Iwwerschwemmungen oder anere Katastrophen, déi si nach méi schwiereg ginn, well een duerch d'Securitéits-Mesuren net esou einfach un d'Leit koum um Terrain, an et konnt ee keng Missioune maachen."
Eigentlech ass d'Chrëschtdagszäit ganz wichteg fir d'ONGen, well hei vill un aner Mënsche geduecht an deementspriechend och vill a méi grouss gespent gëtt.
Spende si wichteg fir Hëllefsprojeten ze lancéieren
D'Leit zu Lëtzebuerg wieren och am Generelle ganz generéis, esou d'Directrice vum Cercle de Coopération. Dat wier ee Grond, firwat et esou vill ONGen hei am Land géif ginn. Si hofft elo fir d'Chrëschtdeeg op d'Solidaritéit vun de Leit, déi een dëst Joer och scho gesinn hätt.
Et géif ee verstoen, datt een als ONG manner kritt hätt, well einfach vill Leit vun der Kris betraff wieren, an och vill aner Associatiounen dëst Joer Hëllef gebraucht hunn, zum Beispill aus der Kultur. Fir d'Nicole Ikuku ass et verständlech, datt d'Leit och déi lokal Acteuren ënnerstëtzte wollten. Fir d'ONGe wieren Donen awer ganz wichteg, well se soss och keng Hëllefsprojeten op d'Bee kënne stellen.
"Wann een ee Subside beim Ministère freet, fir e grousse Projet, oder e klenge Projet, oder e ganze Programm op d'Been ze stellen, brauch een 20 bis 40 Prozent eege Mëttelen, an déi eege Mëttel kritt een nëmmen duerch d'Spenden an d'Generositéit vun de Leit."
Fir d'ONGe géif et elo och dorëms goen an dëser Situatioun probéieren anescht visibel ze sinn, zum Beispill iwwer déi sozial Netzwierker, oder sech och ënnerteneen ze hëllefen.