Si wier sech net sécher op déi nächst Generatioun vu Fraen déi aktuell Reegele géife matmaachen:
"Ech mengen, datt do d'kathoulesch Kierch, esou wéi déi evangelesch an och déi anglikanesch, misst evoluéieren. Dat ass méi ewéi laang fälleg. Well de Jesus hat kee Problem mat de Fraen, dat huet schonn Theresia vun Avila am 16. Joerhonnert gesot."
Bei hire Priedegten an der Muttergottesoktav, wëllt d'Milly Hellers awer keng Messagen iwwer d'Moderniséierung vun der Kierch verbreeden: dat wier net déi richteg Plaz dofir.
Si ass déi éischt Fra an der iwwer 350 Joer laanger Geschicht vun der Muttergottesoktav - déi um Samschdeg ugeet - déi d'Roll vun der Priedegerin iwwerhëlt.
An der Kierch hätt si vill positiv Reaktiounen dorop kritt, esou d'Milly Hellers:
"Ech war iwwerwältegt vun deene ville positive Reaktiounen um Äschermëttwoch, wéi dat public gouf - Telefonsuriff, Mailen, SMSen. Et gëtt och sécher, déi dat elo net esou gutt fannen. Mee déi kommen net bei mech, well ech war mer dat do net sichen.