Corona-Kris OGBL: "Net ubruecht elo iwwer de Congé collectif ze schwätzen"

Den onofhängege Gewerkschaftsbond fënnt et net ubruecht an der aktueller Situatioun iwwer en Aussetze vum Congé collectif ze schwätzen. "Mir verstinn absolut net, wéi een an dësen Zäite vun der Summervakanz ka schwätzen", esou d'OGBL-Presidentin Nora Back. Och wa vill Leit am Moment net schaffe ginn, wier dat kee Congé.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Nora Back
D'Nora Back ass d'Presidentin vum OGBL

Déi Fro misst no der Kris geklärt ginn, esou d'Nora Back. Si fuerdert, datt Patronat an d'Gewerkschaften sech no der Kris zesummesetzen an dann am Kader vun de Kollektivverträg no Ausweeër aus der Kris sichen.

"Et ass dach elo net de Moment fir iwwer de Congé collectif ze schwätzen. An de Leit elo schonn ze soen: Dir hutt am Summer, wann dann erëm alles soll ulafen, hutt dir kee Recht Congé ze huelen. Dat muss dann diskutéiert ginn, wann et esou wäit ass."

Ännerungen un der Aarbechtszäit just no Ofsprooch mat Gewerkschaften

Den OGBL fuerdert, datt och an der Kris mat de Gewerkschafte geschwat gëtt, wann eppes un den Aarbechtszäite geännert gëtt. Datt wärend der Kris a verschiddene Secteure bis zu 60 Stonnen an der Woch ka geschafft ginn, wier net am Accord mat de Gewerkschaften decidéiert ginn, sou d'OGBL-Presidentin.

D'Nora Back seet, et kéint een zwar verstoen, datt z. B. am Gesondheetssecteur am Moment méi laang muss geschafft ginn. Verlängerunge vun den Aarbechtszäite missten awer och an der Kris mat de Gewerkschaften ofgeschwat ginn. D'Aarbechtszäite vun de Leit ze verteidegen an hirer Aarbechtswelt an dofir ze suergen, datt si net ze vill schaffen, wier eng vun den Haaptaufgabe vum OGBL.

"A wann d'Aarbechtszäite sollen touchéiert ginn. Da muss dat am Gespréich mat de Gewerkschaften a mam Salariat passéieren."

"Net de Moment fir ze streiden"

Krisenzäite sinn aussergewéinlech Zäiten. Och fir d'Gewerkschaften. Déi hunn an de leschte Deeg eng ganz Rei Decisioune matgedroen, déi se an normalen Zäiten ni géifen acceptéieren. Dat wier schwiereg, mee "et ass net de Moment fir ze streiden. Mir mussen elo solidaresch sinn. Mir mussen zesummenhalen an net ufänke Konflikter sichen ze goen", sou d'Nora Back. Dat wier e permanenten Drahtseilakt. Eng vun den Haaptprioritéite wier dobäi de Schutz vun den Aarbechtsplazen.

Et wier der Nora Back no och méiglech, datt kee seng Aarbechtsplaz wärend der Kris verléiert. Den Engagement vun der Regierung begréisst d'Nora Back.

"Dat ass wichteg, a mir ënnerstëtzen och all d'Hëllefe vum Staat un d'Betriber. Mee da muss och de Salariéë gehollef ginn. E Betrib, dee staatlech Gelder kritt fir iwwer déi Kris ewech ze kommen, dee kann net gläichzäiteg Leit entloossen. Dat ass net méi fair vis-a-vis vun de Leit. Dofir ass et absolutt méiglech ze soen: Et gëtt wärend dem Etat de Kris keen entlooss."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Yves Hoffmann
Mäin Europa

Geschwënn ass Spargelzäit, mee et ass nach net kloer, ob et dëst Joer vill Spargele wäert ginn. Vill EU-Länner maachen zanter Kuerzem nees Grenzkontrolle fir d'Corona-Pandemie anzedämmen. Dat mécht et méi schwéier Uebst a Geméis ze produzéieren.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen