Télétravail Nupes géint illimitéierten Télétravail fir Frontalieren

Vetrieder vum franséische Lénksbündnis Nupes sinn dogéint, datt Frontalieren illimitéiert vill Télétravail maache kënnen.

Christiane Kleer / cbi

Télétravail
Foto: Photo by Jessica Lewis Creative / Pexels

Een entspriechende Virstouss wier rezent aus dem franséische Wirtschaftsministère komm, soen dräi Deputéiert aus der Meurthe-et Moselle.

Si argumentéieren, datt d' Fro vun der Affiliatioun bei der Sécurité sociale nach net um europäesche Plang gekläert ass. Weider fäerte si, datt déi steierlech Kompensatioun, déi Frankräich vu Lëtzebuerg aus géif kréien, net héich genuch kéint ausfalen.

Den Olivier Jacquin seet am 100,7-Interview, et wier och wichteg, datt déi Gelder dann direkt an d'Regioun fléissen, well do géife se gebraucht ginn:

"Parce que, chers amis luxembourgeois, vous ne le savez peut-être pas, mais les télétravailleurs français résident en France dans les conditions d'immobilier bien plus accessible avec ce problème de déplacement au quotidien, mais les collectivités ont moins de ressources fiscales et financières du fait de la compétition entrepreneuriale entre nos deux pays et il n'y a presque plus de recettes économiques vers les collectivités. Qui sont pourtant extrêmement sollicités par les travailleurs frontaliers, par exemple ils exigent des crèches et des systèmes périscolaires de qualité qui sont coûteux à mettre en place."

Méi zum Thema

Télétravail
Aarbechtsrecht

Vum 1. Juli u gëlle fir den Télétravail nees bilateral Ofkommesse mat den Nopeschlänner. Fir Frontaliere soll eng europäesch Léisung fonnt ginn. Et stelle sech awer praktesch Froen, ë.a. beim Aarbechtsrecht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen