Urgencen Noutfäll gi weider a Spideeler behandelt

D'Spidolsgesetz gesäit vir, datt all Spidol vum 1. Januar u just nach eng eenzeg Urgence op enger zentraler Plaz dierf hunn. Den Dr. Hansjörg Reimer erkläert am 100,7-Interview, datt et positiv wier, datt déi beschten Techniken elo all op enger Plaz rassembléiert wieren.

Maxi Pesch / cbi

Urgencen
Foto: Bigstock / Rido81.

Rezent hat eng Annonce vum CHEM zu Nidderkuer op de sozialen Netzwierker fir Opreegung gesuergt. Do huet et geheescht, datt d'Urgencen an Zukunft vun Esch an net méi vun Nidderkuer assuréiert géife ginn. Effektiv gesäit dat neit Spidolsgesetz vir, datt vun 2019 un all Spidol just nach eng zentral Urgence am Haaptspidol dierf hunn.

Am 100,7-Interview berouegt de Generaldirekter vum CHEM, den Dr. Hansjörg Reimer. Och an Zukunft géifen Noutfäll an deene verschiddene Spideeler behandelt ginn. Et géif just net méi Urgence heeschen, mee Passage en policlinique non-programmé. Et géif awer weiderhi bedeiten, datt de Patient vu moies 7 bis owes 9 kann an eng Poliklinik kommen, seet hien. Och an der Nuecht sollen d'Behandlung zu Nidderkuer am Noutfall assuréiert bleiwen.

Angscht ass net gerechtfäerdegt

Zu Nidderkuer géifen an der Moyenne fënnef bis siwe Patiente pro Nuecht an d'Urgence kommen. Dat wiere knapp fënnef Prozent vun all de Patienten. D'Angscht, datt Haaptspidol zu Esch elo géif iwwerfuerdert gi well déi offiziell Urgencen do assuréiert solle ginn, wier net gerechtfäerdegt, erkläert den Dr. Hansjörg Reimer.

D'Klinik zu Esch sollt méi Personal kréien, ënner anerem méi Dokteren. Weider géif an den nächste Joren e "Fast Track" op d'Been gestallt ginn, wou een den Dokter just eng Kéier géif gesinn. Enger Etüd no géifen d'Attenten deemno ëm 30 Minutte reduzéiert ginn, esou den Direkter vum CHEM. Weider wier et positiv, datt déi beschten Techniken elo all op enger Plaz rassembléiert wieren.


D'Maxi Pesch am Panorama, den 28. Dezember um 7 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Urgence
Gesondheet

D'Urgenceservicer an de Spideeler sinn dacks iwwerlaascht. Vill Patienten hätte kënne vun engem Generalist behandelt ginn. 32 Moossname sollen ëmgesat ginn, fir d'Situatioun ze verbesseren.

Maison medicale
Gesondheet

Am Fall vun enger klenger Urgence gi vill Patienten nach ëmmer éischter an eng Urgence an d'Spidol, wéi an d'Maison médicale, déi am Fong dofir do ass. Eng Sensibiliséierungscampagne soll elo hëllefen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen