Chronik Normalitéit vum rietsen Discours

Fir d'zweete Kéier am Wahlkampf an Thüringen krut de Mike Mohring, Spëtzekandidat vun der CDU, Mordmenacen aus dem rietsextremen Eck. En vue vun de rezenten Evenementer an Däitschland wéist dat, wéi selbstbewosst déi extrem riets Kräften an Däitschland nees gi sinn.

Matthias Kirsch / cbi

Analys Matthias Kirsch

Selbstbewosst a gefaasst gëtt sech de Mike Mohring an deem Video, deen hien dëse Weekend op senge Social-Media-Säite verbreet. Mee och dëst Optrieden kann net verstoppen, wéi belaaschtend d'Wierder fir den thüringesche CDU-Spëtzekandidat musse sinn, déi hien seet: Rietsextremisten hätten hien opgefuerdert, säin Wahlkampf anzestellen. Wann net, géif hien ofgestach ginn, oder misst mat enger Autosbomm rechnen.

Et sinn net déi éischt Mordmenacen, déi de Mike Mohring an dësem Wahlkampf kritt. Schonn Enn September war eng Postkaart bei der Thüringer CDU fir hire Chef ukomm. Hie wier d'Nummer 2, déi geschwënn e Kappschoss géif kréien - eng Referenz un de Mord um CDU-Politiker Walter Lübcke, deen am Summer zu Kassel erschoss gi war.

Radikal Normalitéit

Messerattacken, Autosbommen, Kappschëss: Et si Wierder, déi drastesch sinn. Net just fir e Politiker, dee se an engem Video seet. Och se esou auszeschwätzen, fillt sech falsch un. Mee et verdäitlecht, wéi krass sech den Discours um politesch rietsextreme Spektrum radikaliséiert huet - a wéi dës Radikalitéit och Normalitéit ginn ass.

A béide Fäll kommen d'Menacen nämlech aus genee deem rietsextremen Eck. Vun engem onbekannten Absender, dee mat ëmmer dem selwechte Pseudonym a ganz Däitschland scho Politiker a Persounen aus der Ëffentlechkeet Mordmenacë geschéckt huet.

Datt dat geschitt, huet och domadder ze dinn, datt déi riets Zeen an Däitschland nees massiv Selbstvertraue getankt huet.

A wie wonnert dat? Wa rietsextrem Attentäter no hiren Attacken op soziale Netzwierker gefeiert ginn? Wann e Geheimdéngscht-Chef jorelaang d'Gefor aus der rietser Zeen ënnerschätzt, bis een d'Gefill kritt, hie wier vläicht selwer net all ze wäit vun hir ewech? Wann eng Partei wéi d'AfD, déi mëttlerweil an all Regionalparlament an am Bundestag sëtzt, sech ëmmer méi no riets-bausse kann orientéieren an trotzdem Wielerstëmmen en Masse dobäigewënnt?

Ze laang blann um rietsen A

Datt de Mike Mohring d'Morddmenacen ëffentlech gemaach huet, kuerz virun de Wahlen, kann een natierlech och als politesche Move gesinn. Ëffentlechkeet, Matleed, Wielerpotenzial.

Mee datt vun der rietsextremer Zeen an Däitschland eng massiv Gewalt ausgeet, ass am Joer 2019 net méi ze verstoppen. De Mord um Walter Lübcke, d'rassistesch an antisemitesch Attack zu Halle, déi rietsextrem Ausschreidunge leschte Summer zu Chemnitz.

Wien also doranner, datt de Mike Mohring esou Menacen ëffentlech mécht, trotzdem just eng politesch Motivatioun gesäit, deen ass Deel vum Problem.

An der Mediathéik:

Chronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Theater
"Die Vielen"

"Die Vielen" ass den Numm vun engem neie Mouvement an Däitschland, bei deem Kënschtler sech géint Attacke vu riets wieren. Dëse Mouvement setzt sech fir eng oppe Gesellschaft ouni Ausgrenzung an.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen