Wiederchaos Nom Tornado: CGDIS zitt generell positive Bilan

De Gros vum CGDIS-Dispositif nom Tornado wäert haut, Dënschdeg, ofgeriicht ginn, seet de Koordinator Colonel Raymond Guidat. Hien zitt generell ee gudde Bilan vun den Aarbechten.

Françoise Keller / cz

Käerjeng 5

D'Koordinatioun vum nationale Rettungscorps wier nom Tornado e Freideg bis elo generell gutt verlaf. Dat seet de Koordinator vum CGDIS, de Colonel Raymond Guidat. Et misst een awer eng Analys vun den Aarbechte maachen, soubal d'Interventiounen ofgeschloss sinn. Déi Analys kéint e puer Méint daueren. Eng 500 Leit hunn der Inneministesch no Schied nom Tornado gemellt. 24 Plaze missten nach kontrolléiert ginn, esou de Colonel Raymond Guidat.


De Colonel Raymond Guidat

"Dat gëtt haut gemaach. Ech denken haut dierfte mir - net komplett - d'Aarbechten ofschléissen, well sécher an den nächsten Deeg ëmmer nach Uriff era wäerte komme wéinst Saachen, déi observéiert goufen oder bis ewell net opgefall sinn - mee de Gros vum Dispositif wäert ofgebaut ginn. Wa sech nach vereenzelt Froe stellen, sinn d'Rettungszentrale vu Käerjeng a Péiteng do fir sech drëm ze këmmeren."

Méi zum Thema

Schued Tornado
Nom Tornado am Süde vu Lëtzebuerg

De Maurice Molitor ass de Méindeg am fréien Owend op Péiteng an en Hotel gefuer, an deem Leit en Ënnerdaach fonnt hunn, deenen den Daach iwwer dem Kapp fortgeflunn ass.

Philippe Ernzer
Wiederphenomer

Tornadoe wieren et der schonn ëmmer hei am Land ginn. Dat seet de Philippe Ernzer, Grënner vu Meteo Boulaide. Den Hobbymeteorolog geet dovun aus, datt den Tornado vun e Freideg ee vun deene stäerkste war.

Pressebriefing no Tornado
No schwéiere Stierm an Tornadoen

Nom Tornado vun e Freideg gouf an engem extraordinäre Regierungsrot de Samschdeg den Owend de Bilan vun de Schied gemaach. Et goufen och eng Partie Hëllefe fir Privatleit a fir Entreprisen decidéiert.

marc hengen.JPG
No de schwéiere Stierm am Süde vu Lëtzebuerg

D'Assurancen hunn hire Cliente verséchert, si nom Tornado ze ënnerstëtzen. Zanter dem Freideg den Owend wieren déi meescht Agencë fir hir Clienten op, seet de Marc Hengen, Direkter vum Daachverband vun den Assurancen.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen