EU-Politesche Wocheréckbléck ​Nom Brexit: Gestéckels am Europaparlament

Um Freideg, 31. Januar, Hallefnuecht eiser Zäit, verléisst Groussbritannien d'Europäesch Unioun. Déi éischt ganz praktesch Konsequenz dovun ass, datt déi 73 brittesch Europadeputéiert mussen hiert Mandat ofginn.

Danièle Weber (Bréissel) / cz

Danièle Weber

D'Parlament wäert an Zukunft net méi 751, mee just nach 705 Deputéiert hunn. Nei dobäi si vun elo un 27 Europadeputéiert aus 13 verschiddene Länner. Doduerch verännert sech d'Zesummesetzung vun de politesche Gruppen an et kéint sinn, datt déi riets-extrem Fraktioun Identitéit an Demokratie, an där ënner anerem déi däitsch Alternative für Deutschland, de franséische Rassemblement an d'Freiheitliche Partei Österreichs sëtzen, déi véiert stäerkst Kraaft am Europaparlament ginn.

Wat verännert sech konkret? Wéi eng Konsequenze sinn ze erwaarden?

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber
EU-KLIMAPOLITIK

D'EU wëllt de Leader op der Welt sinn am Klimaschutz. Um EU-Sommet wollt een do parallel zu der Klimakonferenz een Zeeche setzen. Wat konkret decidéiert gouf, froe mir eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Romain Schneider um Conseil vun den EU-Landwirtschaftsministeren
EU-Agrarpolitik

Ënner anerem direkt EU-Agrarsubsidë sollen an Zukunft méi staark un Ëmweltoplage geknäppt ginn. Lëtzebuerg ass dofir, datt dat op fräiwëlleger Basis geschitt, seet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen