Virun zwou Wochen hat de Premier a Medieminister Xavier Bettel an der Äntwert op eng parlamentarescher Fro gesot, datt CLT-UFA an den nächste Joren net vun engem Stellenofbau betraff wier. Mee dofir géif et keng Garantie ginn, seet de Pit Schreiner vum OGBL.
"CTL-UFA, wat da Radio an Televisioun ass, sinn den Ament net betraff. Mee et gëtt eng Rei Informatiounen, déi mir kritt hunn, datt och do dru geduecht gëtt am nächste Joer eng Rei Leit ofzebauen. A wéi enge Beräicher, wësse mir net."
15 Leit kéinten dem OGBL no am nächste Joer bei CLT-UFA betraff sinn, sou de Pit Schreiner.
RTL dementéiert
De Pressespriecher vun RTL-Group SA dementéiert d'Informatioun op Nofro hi formell. De Staat subventionéiert de Lëtzebuerger Tëleesprogramm vun RTL vun 2021 u mat maximal ronn zéng Milliounen Euro d'Joer.
Verhandlungen fir Sozialplang gescheitert
Wat de Sozialplang ugeet huet d'Gewerkschaft OGBL haut iwwerdeems annoncéiert, datt d'Verhandlunge fir ee Sozialplang bei RTL Group S.A. gescheitert wieren, an et elo op d'Conciliatioun géif goen. 94 Leit vun 112 sollen dem OGBL no bei RTL Group S.A. ofgebaut ginn.