Radioen

On air

Am Buedmantel  |  No Frills - Shopping in the Toothpaste Aisle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Pollutiounvun der Atert: "Massiivt Fëschstierwen"

Ëmwelt

No Pollutiounvun der Atert: "Massiivt Fëschstierwen"

No der Pollutioun vun der Atert duerch e Brand de leschten Dënschdeg an enger Biogasanlag zu Grendel an der Belsch, huet d'Sportfëscher-Federatioun e "massiivt Fëschstierwen" op enger Streck vun e puer Kilometer hei am Land fest gestallt.

auto_stories

2 min

Lauschtert de Bäitrag heiplay_arrow

Wéi eng Quantitéit genee an d'Atert gelaf ass, wier schwéier ofzeschätzen, esou de Luc Zwank vum Waasserwirtschaftsamt vum Ëmweltministère.

D'Waasserwirtschaftsamt schwätzt vun engem "relativ staarke Fëschstierwen", duerch d'Accident e puer honnert Meter hannert der Grenz.

Duerch e Sickerbrand een Dënschdeg wier eng "considerabel Quantitéit" Biomassenofwaasser bei Uewerkolpech an d'Atert gelaf, hat déi Lëtzebuerger Police gemellt.

D'Agente vun der Verwaltung hätte festgestallt, datt Piff aus engem Silo, bei deem Réier an d'Ofdichtfolie beschiedegt goufen, vun der Biogas-Anlag iwwer e Weier an och an e Fiichtgebitt gelaf ass, an esou an d'Atert komm wier.

Foto: Claude Strotz/FLPS

Doduerch gouf e gréisseren Ëmweltschued festgestallt.

Fir wéi laang an der Atert net ka gefëscht ginn, wier nach onkloer. D'Piechter misste fir hire Schued entschiedegt ginn, esou de Luc Zwank vun der Waasserverwaltung.

D'Responsabiliéit fir den Ëmweltschued léich ganz kloer beim Exploitant vun der Biogasanlag an der Belsch. De Weier bei der Anlag géif ausgepompelt ginn an d'Waasser dovun entsuergt ginn.

Fir datt d'Atert hire biologeschen Equiliber séier kann zeréck fannen, soll d'Abrénge vu Piff am direkten Anzuchsgebitt vun der Baach verbuede ginn, huet déi Lëtzebuerger Sportfëscherfédératioun verlaangt.

Den DP-Deputéierten a fréiere President vum Sportfëscherverband Gusty Graas huet op Facebook ugekënnegt, datt hien der Ëmweltministerin Carole Dieschbourg muer de Mëtteg an der Chamber Froen zur Pollutioun vun der Atert wäert stellen.