Gesondheetssecteur No Mobbing-Virwërf: Stëmmung am CHEM "kloer besser"

Den neien Direkter vum Escher Spidol seet, hien hätt den Androck, datt d'Stëmmung ënnert dem Personal vu sengem Haus sech "kloer verbessert" hätt, nodeems et d'läscht Joer Mobbing-Virwërf a verschiddenen Departementer gouf. Et wier wichteg gewiescht fir "eng Koherenz" am Leadership hierzestellen, déi iwwer déi lescht Joer verluer gaange wier. Hien hätt natierlech och mat de betraffene Leit geschwat a gemierkt, datt do "proaktiv schonn eng Aarbecht ze maachen" gewiescht wier.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Dr. René Metz

Den neien Direkter vum Escher Spidol seet, hien hätt den Androck, datt d'Stëmmung ënner dem Personal vu sengem Haus sech "kloer verbessert" hätt, nodeems et d'läscht Joer Mobbing-Virwërf a verschiddenen Departementer gouf.

Den René Metz betount, hien hätt sech als neien Direkter vum CHEM ënnert anerem dofir agesat, datt méi Leit an déi intern Decisiounsprozesser agebonne ginn.

"...wou e Gläichgewiicht besteet tëscht der Direction médicale, der Direction des soins, der Direction administrative, an de Resources humaines, wou am Fong all déi leit eng Echange-Kultur nei solle liewen. An ech mengen datt mer do e grousse Schrëtt viru komm sinn."

Den Dokter René Metz ass zënter 4 Méint Direkter vum CHEM.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Georges Mischo
Impfcampagne

Vun de véier grousse Spidolsgruppen hunn der zwee eegenen Aussoen no keng Irregularitéiten op hiren Impflëschte fonnt. De Stater CHL an den Escher CHEM soten eis, bei hinne wiere keng Problemer entdeckt ginn.

Dr Serge Meyer
Lëtzebuerger Spidolswiesen

Den Dokter Serge Meyer, Responsabele vun der Cellule de crise am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch, ass der Meenung, datt de Spidols-Alldag sech duerch dës Pandemie wäert veränneren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen