Unité de Sécurité No Incident an der Unisec: Ze fréi fir Conclusiounen ze zéien

Frust an eng komplex Gruppendynamik hätten zur Rebellioun vu Jugendlechen dëse Weekend an der Sécherheetsunitéit fir Mannerjäreger gefouert, mengt den Direkter vum Centre-Socio-Educatif zu Dräibuer. Dem Ralph Schroeder no wier dëst déi éischte Kéier gewiescht, datt et zu esou enger Situatioun koum. Fir Conclusiounen dorauser ze zéien, wier et nach ze fréi.

Pia Oppel / cz

D'UNISEC zu Dräibur

D'Personal vun der Unisec hat e Samschdeg géint hallwer 11 d'Police geruff, well e Grupp vu sechs Jugendleche refuséiert hat, an hir Kummeren ze goen. Beim Asaz vun der Police koum et zu Handgräiflechkeeten. Zwee Jonker goufen an den Erwuesseneprisong op Schraasseg transferéiert. D'Police ass geruff ginn, fir d'Sécherheet vum Personal a vun de Jonken ze garantéieren, sou de Ralph Schroeder.

Implizéiert ware sechs Jongen a Meedercher tëscht 15 a 17 Joer, déi alleguer wéinst enger Strofdot an der Unisec placéiert sinn. Generell géifen déi Jonk Reegelen a Fro stellen, also och d'Nuetsrou um zéng Auer, seet de Ralph Schroeder. Eng speziell Ursaach fir d'Eskalatioun dëse Weekend géif et a sengen Aen net ginn.

Et wier natierlech fir déi Jonk net einfach fir agespaart ze sinn, domat wier ee gewësse Frust verbonnen. D'Unisec wier mat eelef sougenannte Pensionnairen den Ament och héich besat, wat den Drock fir jiddwereen nach zousätzlech géif erhéijen. Duerch d'Pandemiesituatioun wier d'Uspanung generell nach méi héich. "Do ass elo bëssen alles beienee komm", sou de Ralph Schroeder.

Prozedure ginn evaluéiert

Fir d'Personal an déi Jonk an der Unisec wier elo ee psychologesche Suivi virgesinn, esou de Ralph Schroeder. Et géif och gekuckt ginn, ob aner Conclusiounen aus dem Tëschefall musse gezu ginn.

"Sou eng Situatioun, ewéi déi do, hate mir nach net an der Unité de Sécurité. Dat heescht, datt eis Prozeduren do och nach wéineg praxiserprobt waren. An dat do ass elo d'Méiglechkeet ze kucken: Huet et gutt geklappt, wou ass eventuell Verbesserungsbedarf?"

Déi Aarbecht géif elo an den nächsten Deeg gemaach ginn, betount den Direkter vum staatleche Centre-Educatif, zu deem och d'Unisec gehéiert.

Méi zum Thema

D'UNISEC zu Dräibur
Gesellschaft

​Well d'Bevëlkerung wiisst braucht Lëtzebuerg och méi Plaz fir Jonker opzefänken, déi soss an de Prisong op Schraasseg géife kommen. Dat seet de Procureur général adjoint David Lentz.

Ralph Schroeder
Stroffälleg Jugendlecher

D'Unisec soll Mannerjäreger opfänken, déi soss géifen an de Prisong kommen, seet hiren Direkter. Et wiere keng grouss Upassunge néideg, wann de Prisong zu Schraasseg ganz fir Mannerjäreger zougemaach gëtt, sou de Ralph Schroeder.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen