arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No enger Woch Reouverture: ee mitigéierte Bilan

Horeca-Secteur

|
reading time

2 min

No enger Woch Reouverture: ee mitigéierte Bilan

Zanter enger Woch kann een am Restaurant erëm dobannen iessen. Dofir muss een awer e Schnelltest maachen oder en negative PCR-Test virweisen. De Bilan no enger Woch fält gemëscht aus, heescht et vun der Horesca.

reading time

2 min

Den Androck vun der Horesca confirméiert sech och bei Restaurateuren, déi mir besicht hunn. Et wieren nach net vill Clienten an de Restaurant komm, zielt eis ee Restaurateur. Dëst hätt verschidde Grënn; zum Beispill d'Schnelltester, déi verschidde Leit géifen ofschrecken, well se duerch d'Nues gemaach musse ginn.

Och den Zäitopwand, fir esou een Test ze maachen, géif d'Clienten ofschrecken, zielt eis eng Gerante vun enger Brasserie beim Theater. Verschidde Leit hätte just eng Stonn Mëttespaus, wann een da 15 Minutten op en Testresultat waarde muss, géif ee vill Zäit verléieren. Dat géif meeschtens net opgoen.

Wärend der Woch maachen déi meescht eréischt owes e bessert Geschäft, soen eis d'Restaurateuren. Mëttes géif ee mierken, datt vill Leit nach am Home office sinn, zielt eis ee Restaurateur, normalerweis wier et bei hinnen an der Mëttegstonn voll gewiescht, elo wier d'Geschäft éischter méi lues mëttes.

Aner Gewunnechten

Och d'Iessgewunnechte vun de Leit hu sech vill verännert: vill Leit géife sech méi dacks eppes an de Supermarché siche goen, oder sech souguer eppes direkt op de Büro liwwere loossen, kréie mir gezielt. Dat wier fir d'Cliente méi bëlleg, a si kéinte wärend dem Iessen um Büro schaffen, a kéinten doduerch méi fréi heemgoen.

De Generalsekretär vun der Horesca, François Koepp, ass och iwwerzeegt, datt d'Gewunnechte vun de Leit sech an der Pandemie verännert hunn. Verschidde Leit hätten owes no der Aarbecht keng Loscht méi ze kachen, sou datt hie en neie Marché entstoe kéint.

Fir owes nees wéinst der Gesellegkeet an ee Restaurant iessen ze goen, dorunner missten d'Leit sech erëm gewinnen, mengt och d'Gerante vun der Brasserie op der Theaterplaz. Dat wäert och e bëssen daueren, dovunner ass si iwwerzeegt.