arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'EU preparéiert sech op en No-Deal

Brexit

|
reading time

3 min

D'EU preparéiert sech op en No-Deal

Ob d'Deklaratioune vum EU-Sommet duerginn, fir datt am Januar eng Majoritéit zu London fir de Brexit-Accord stëmmt, ass ongewëss. An der Tëschenzäit lafen ëmmer méi konkret Preparatioune fir en No-Deal. D'EU-Kommissioun wëllt dës Woch ee roude Fuedem fir dee Fall presentéieren.

reading time

3 min

Kee wëllt soen, datt en "No Deal" méi wahrscheinlech gëtt, well dat net dat ass, wat ee sech wënscht. Um Sommet war den No-Deal - de Fall, wou et zu engem Austrëtt vu Groussbritannien kënnt, ouni dat ee sech virdrun iwwer een Accord eens ginn ass - awer omnipresent:

"Wéi der wësst hu mir d'Preparatioune fir en No Deal renforcéiert. Meng Positioun ass awer ganz kloer: Ech sinn iwwerzeegt, datt mir besser mat engem Accord aus der EU erausginn. A mir hunn ee gudden Deal", seet déi Britesch Premierministerin Theresa May.

Preparatiounen an der ganzer EU

Well d'Chancen awer net gutt stinn, datt deen Deal eng Majoritéit zu London am Parlament kritt, lafe Preparatioune fir den No-Deal och am Rescht vun der EU. Zu Lëtzebuerg gouf eng extra Cellule am Ausseministère ageriicht. Si géif all Eventualitéite ronderëm een No-Deal-Zeenario analyséieren an elo schonn op d'mannst all zwou Wochen zesummekommen, sou de Premier Xavier Bettel:

"Dat geet vum Finanzsecteur, vu Fligerrechter, vu Libre circulation ..., et si ganz verschidde Punkten, déi musse klarifizéiert ginn. Mir hunn och dem Här Asselborn d'Méiglechkeet gi fir méi Leit anzestellen. Och wann et net zu engem No-Deal kënnt [...] si mir frou, datt mir déi Cellule hu fir d'Aarbecht ze koordinéieren. Et ass net just den Ausseministère, mee all Ministère ass concernéiert."

Kommissioun publizéiert Plang fir den No-Deal

Den nächste Mëttwoch presentéiert d'Europäesch Kommissioun ee Pabeier mat Informatioune ronderëm en No-Deal-Zeenario. Mir si prett, sou de Message op London, seet de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

"Mir publizéieren all déi Aarbechten, déi d'Kommissioun intern gemaach huet: Wat geschitt, wann et zu kengem Accord kennt? Do stelle sech eng ganz Partie Froen, och fir eist Land iwwregens. Wéi geet et weider mat der Aviatioun, mat Cargolux? Dat sinn alles Froen, déi mir an deem Dokument däitlech wëlle maachen. An dat maache mir de 19.12., well mir den Englänner wëlle weisen, datt mir och preparéiert sinn op eng Net-Eenegung."

Wat Lëtzebuerg ugeet, geet et ënner anerem ëm d'Aviatioun:

"Dat betrëfft eng nei Reegelung no dem No-Deal. Do geet et ëm Passagéierflich a Fret, ëm déi sou genannte fënneft Fräiheet. Ech hu mam Premier driwwer geschwat, hie schéckt mir ee Bréif, fir datt mir déi Fro adequat kënne beäntweren."

Déi fënneft Fräiheet an der Aviatioun betrëfft d'Recht tëschent zwee frieme Länner ze fléien, also d'Destinatioun, déi net am Heemechtsland vun der Airline leien. De Xavier Bettel confirméiert, datt Lëtzebuerg sech un d'Kommissioun wenne wäert. Et géif een drop bestoen, datt déi Rechter, déi bis elo gëllen och bestoe bleiwen.

Laangfristeg Garantië feelen

An der Kommissioun gëtt scho méi laang um No-Deal-Zeenario geschafft. Dee Prozess wier voll am gaangen, sou een héijen EU-Diplomat. Lëtzebuerg interesséiert sech nieft der Aviatioun virun allem fir d'Finanzrelatioune mat Groussbritannien. D'Kommissioun hätt Etüde gemaach, deemno kéinten hei punktuell Decisioune séier geholl ginn, fir datt bestoend Accorde verlängert ginn, sou déi nämmlecht Source.

Kuerzfristeg kéinten doduerch gréisser Konsequenze verhënnert ginn. Allerdéngs wier de Marché den Ament op Relatiounen opgebaut, déi sech op dee nämmlechte juristesche Kader bezéien. Dat gëtt den Operateuren eng gewëss Sécherheet. Fält dee Kader ewech, wat bei engem No-Deal de Fall ass, ginn déi Garantië verluer. Eng Ambiance, an där laangfristeg Engagementer éischter schwéier ginn. Een No-Deal hätt deemno trotz kuerzfristeg machbaren Arrangementer kloer Nodeeler, déi schwéier virauszegesi sinn.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.