Mënscherechter an Ëmwelt No corporate impunity
ONGe fuerdere verflichtend gesetzlech Norme fir multinational Entreprisen. Déi Firme solle fir Sozial- an Ëmweltschied opkommen. Och zu Lëtzebuerg. Déi ëffentlech Meenung wier prett, fir den entspriechenden Drock op d'Politik ze maachen, mengen d'Aktivistinne Beatrix Niser an Nayla Ajaltouni.
D'ASTM fuerdert d'Lëtzebuerger Regierung op, fir rechtlech verflichtend Normen ze schafen, déi multinational Entreprisë mat Sëtz zu Lëtzebuerg responsabiliséieren. Déi Firme solle fir Ëmweltschied a Verstéiss géint d'Mënscherechter opkommen, fir déi si verantwortlech sinn. No corporate impunity - Mënscherechter viru Profit, esou ass d'Campagne vun der ONG "Action Solidarité Tiers Monde" iwwerschriwwen.
Frankräich: Verflichtend Selbstkontroll
Frankräich ass dat éischt Land op der Welt, wou zënter dësem Joer e Gesetz multinational Entreprisen obligéiert, fir Rechenschaft ofzeleeën iwwert hire sozialen an ekologeschen Impakt. D'Gesetz gesäit Sanktioune vir, seet d'Nayla Ajaltouni, vun enger franséischer ONG. Déi grouss franséisch Entreprisë mussen an Zukunft e Plan de vigilence opstellen a publizéieren. An deem Plang mussen d'Firmen d'Risiken identifizéieren, bei deenen d'Mënscherechter kéinten net respektéiert ginn, an Ëmweltoplagen eventuell net befollegt kéinte ginn. Dat gëllt fir d'Mammenhaus, wéi och fir d'Duechtergesellschafte vun där Entreprise an anere Länner.
Gläichzäiteg sinn déi franséisch Entreprisë gehalen, Mesuren auszeschaffen, fir potentiell Verletzunge vun de Reegelen ze verhënneren. Dat franséischt Gesetz erméiglecht Plainten a Sanktioune géint franséisch Entreprisen, déi an anere Länner sozial an ökologesch Normen net respektéiert hunn, erkläert d'Nayla Ajaltouni. D'Expertin geet an deem Fall awer vu laange Prozeduren aus fir deen, deen eng Plainte mécht.
Schwäiz: Ëffentlechen Drock
An der Schwäiz mobiliséiert eng Plattform vun der Zivilgesellschaft fir eng Responsabiliséierung vu contraignante Reegele fir Multinationallen. 77 Prozent vun de Schwäizer géifen enger Ëmfro no déi Initiativ ënnerstëtzen. D'Schwäizer Parlament huet awer virun zwee Deeg eng Propose rejetéiert, déi Entreprisen ethesch responsabiliséiert.
Delokaliséiere wier eng éiweg Menace, déi Politiker als Argument géint Oplage fir Betriber géinge benotzen. "Délocaliser pour allez où?", freet d'Beatrix Niser. All europäesch Staate géifen un nationalen Aktiounspläng schaffen. An d'Politiker kéimen net méi dolaanscht, fir an deem Sënn ze legiferéieren. Net just d'Zivilgesellschaft, mä och d'Bierger géife rechtlech verflichtend ethesch Standarden afuerderen. Dernieft géif et och essentiell ginn, fir den Image vu de Staate selwer.
Nayla Ajaltouni, Coordinatrice vum Kollektiv Ethique sur l'étiquette, Frankräich
Beatrix Niser, Coordinatrice romande vun der Initiative pour les multinationales responsables, Schwäiz