arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Casting-Call Kontrovers: Cancel Capitani?

Meenung

|
reading time

3 min

No Casting-Call Kontrovers: Cancel Capitani?

D'lescht Woch huet e Casting-Call vun der Lëtzebuerger Serie "Capitani" fir Opreegung gesuergt, dat well am Casting op rassistesch Stereotyppen zeréckgegraff gouf. Kritik koum ënner anerem vun afro-Lëtzebuerger Associatioune wéi Finkapé a Lëtz Rise Up. Am Géigesaz zu verschiddene Stëmmen aus der Press handelt et sech bei der Capitani-Kontrovers ëm méi wéi just eng scheinbar "Cancel-Culture", fënnt d'Isabel Scott an dësem Kommentar.

reading time

3 min

De Capitani Casting Call war e falscht Zeréckgraifen op rassistesch a xenophob Stereotyppen: de Schwaarzen Dealer, den Türsteher vum Balkan, de latino Camionschauffer. Statisten mat Migratiounshannergrond déngen just als kriminell Kulisse. Et geet net duer ze soen " dat ass d'Realitéit eben vum soziale Milieu um Garer Quartier". Op déi dote Manéier reproduzéiert Capitani de strukturelle Rassismus an der Lëtzebuerger Gesellschaft. Et geet ëm Representatioun. Grad well Capitani déi eischt Lëtzebuerger Serie ass déi eng international Audience duerch Netflix gewënnt, grad do wou e kulturellt Produkt e Land méi federéiere kann, ass d'Enttäuschung ëmsou méi grouss bei den Afro-Lëtzebuerger, bei deene mat Migratiounshannergrond, bei deenen ouni Lëtzebuerger Pass, déi sech och als en Deel vum Land fillen.

An der éischter Staffel vun der Serie ware Schwaarz Duersteller praktesch invisibel. D'Fro ass firwat si - wann iwwerhaapt- dann nëmme mat enger negativer Konnotatioun optauchen? Hei wéisst sech, wei ongläich d'Opportunitéite fir Schauspiller vun ethnesche Minoritéite sinn: wäiss Schauspiller kréien eng breet Palette vun nuancéierten a komplexe Rollen offréiert, déi aner ginn d'office an eng zweedimensional Schabloun gedréckt. A fir Schwaarz Zuschauer, virun allem déi méi jonk, huet dat méiglecherweis en negativen Impakt op d'Selbstbewosstsein an d'Selbstperception.

Wéi wëlle mer zu Lëtzebuerg ronderëm Race schwätzen?

Grad déi visuell Kënscht hunn e groussen Afloss op eist Verständnis vu gesellschaftleche Phenomener, zum Beispill Stereotypéiert Geschlechterrollen, an an deem Sënn hunn de Kino an d'Tëlee eng problematesch Geschicht: zum Beispill den arabesche Mann als Terrorist, oder wärend dem Kale Krich de Russ als béis autoritär Gestalt etc. Eng Partie vu kulturelle Produktioune reproduzéieren oder verstäerken dës Stereotyppen. Anerer probéiere sech kritesch domat auserneenzesetzen. Wat de Casting ugeet, schéngt et wéi wa Capitani éischter an déi éischt Kategorie fale géif.

Bei der Kontrovers iwwer de Casting geet et net ëm Cancel-Culture oder dorëms eng utopesch Diversitéit wëlle virzespillen. Et geet am Fong dorëm, wéi mer zu Lëtzebuerg wëllen d'Diskussioun ronderëm Race féieren. Déi Diskussioune sinn zënter dem Black Lives Matter Protest vun zejoert net méi ewechzedenken. A Produktioune wéi Capitani wäerte vun deenen Diskussiounen net méi verschount bleiwen. Wa si problematesch Biller oder Narrativen iwwert verschidde gesellschaftlech Gruppen produzéieren, musse si domat rechnen datt dës Gruppen zeréck äntweren.

D'Diskussioun zesumme mat minoritäre Stëmme féieren

D'Kontrovers bréngt dowéinst och Opportunitéite mat sech. Engersäits fir de Lëtzebuerger Filmsecteur, d'Kultur- a Mediewelt am grousse ganzen, wou grousse Verbesserungsbedarf besteet a punkto Diversitéit an Inclusioun. Elo wou Capitani opgeruff gouf den Race-Brëll unzedoen, huet d'Ekipp d'Méiglechkeet eng méi déifgrënneg Reflexioun ze maachen. Wéi konnte mer dës Polemik net virgesinn? Ass et well d'Rollen ze vill eesäiteg representéiert sinn...?

An et ass eng Opportunitéit fir als Land d'Diskussioun iwwer de Sujet ze féieren. Iwwer Race a Rassismus ze schwätzen ass schwiereg: D'Léit fille sech séier veronséchert iwwer d'Evolutioun vun den Terminologien, hunn Angscht vläicht eppes Falsches ze soen. All Spart vun der Lëtzebuerger Gesellschaft muss awer de Courage hunn dës Gespréicher op eng nuancéiert Aart a Weis ze féieren. Dës Diskussioune mussen och sou gefouert ginn, datt virun allem minoritär Stëmme gehéiert ginn. Dat bedeit dann och, datt d'Majoritéit ufänke sollt, hinne méi nozelauschteren.