Wirtschaft Niddreg Waasserpeegele problematesch fir Flosstransport

Wann de Peegel vum Rhäin net geschwënn erëm klëmmt, da kéint et deemnächst onméiglech ginn, vu Mäertert iwwert de Rhäin op Antwerpen oder iwwerhaapt an den Norden ze fueren. Dat seet de Gilles Braquet, techneschen Direkter vum Logistikzenter Luxport.

Christiane Kleer / cz

Mäerterter Hafen
Foto: Foto: Luxport

De Gilles Braquet lauschteren

. Stand haut léich de Peegel vum Rhäin bei extreem niddrege 70 Zentimeter. De Ree vun haut an den nächsten Deeg géif just kuerzfristeg Entlaaschtung bréngen, well d'nächst Woch erëm héich Temperaturen erwaart géife ginn, sou de Gilles Braquet. Bei niddregem Stand kënnen d'Schëffer net sou schwéier beluede ginn. Déi aktuell Situatioun hätt deemno ee groussen Impakt op den Ëmschlag um Mäerterter Hafen, seet de Gilles Braquet.

Aktuell géifen iwwer de Waasserwee gréisstendeels just Sperrmüll oder Wueren déi ze laang fir d'Strooss sinn, transportéiert ginn.

Sand oder Salz géifen de Moment iwwerhaapt net méi iwwer de Mäerterter Hafe kommen. D'Aktivitéit hätt generell staark ofgeholl, sou de Gilles Braquet, techneschen Direkter vum Logistikzenter Luxport um Merterter.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Christiane Kleer
Lauschteren

Méi zum Thema

Stefan Maas.jpg
Wëssenschaft

Waasserstoff-Technologië ginn hei am Land nach net konsequent genuch gefërdert, seet de Stefan Maas vun der Uni Lëtzebuerg. De politesche Wëlle wier zwar do, mee d'Zäit géif fortlafen, sou de Fuerscher.

Dréchent
Wéinst groussen Abousse bei der Recolte

D'Bauerenallianz huet d'Regierung dréngend gefrot, am Hierscht en Agrarsommet anzeberuffen. Déi aktuell Dréchent an déi geopolitesch Lag wéinst dem Krich an der Ukrain hätten enorm wirtschaftlech Konsequenzen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen