Olympesch Spiller Ni Xia Lian: Stolz Lëtzebuerg representéieren ze kënnen

Bei den Olympesche Spiller zu Tokyo waren de Samsdeg direkt dräi Lëtzebuerger Athleten am Asaz. An Der Vëloscourse huet d'Christine Majerus eng gutt 20. Plaz geholl. Am Dressurreiden ass den Nicolas Wagner net an de nächsten Tour komm. An am Dëschtennis, do huet d'Ni Xia Lian iwwerraschend am zweeten Tour verluer.

Philipp Crowther (Tokio) / cz

NI.jpg

D'Ni Xia Lian am 100komma7-Interview

Lauschteren


Fir d'Ni Xia Lian war et déi fënneft Participatioun bei Olympia. Mat hirem Match géint d'Süd-Koreanerin Yubin Shin huet déi 58 Joer al Lëtzebuergerin zwar knapps a siwe Sätz verluer, mee huet dobäi awer e Rekord etabléiert. Méi al war nach ni e Sportler am olympeschen Dëschtennis-Tournoi.

No hirer Defaite huet d'Ni Xia Lian sech enttäuscht gewise mee hat awer och hiert üblecht Laachen op. "Wéinst mengem Alter kann ech net aacht Stonnen den Dag trainéieren", sot si géigeniwwer dem 100,7 zu Tokyo, als Erklärung fir hier Defaite.

Si sot weider datt hire Rekord ni mat hirem Gebuertsland China méiglech gewiescht wier. "Ech si ganz stolz, ganz geéiert datt ech Lëtzebuerg an der Welt representéiere kann. E Rekord ass nach besser. Et war net mäin Ziel, mee firwat net wann et méiglech ass" sot d'Dëschtennis-Spillerin nom Match zu Tokyo. No dëser Defaite a wéinst de strenge Corona-Reegelen huet d'Ni Xia Lian elo just zwee Deeg fir ofzereesen a villäicht schonn iwwer déi nächst Olympesch Spiller zu Paräis nozedenken.

Méi zum Thema

Philippe Crowther Tokyo
Sport

An e puer Stonne fänken zu Tokio offiziell d'Olympesch Spiller un. Ee Joer méi spéit wéi geplangt . D'japanesch Bevëlkerung, déi hunn Angscht datt et wärend dem Evenement zu enger neier Well u Covid-19 Infektioune komme kéint.

Philippe Crowther Tokyo
Olympesch Spiller

De Freideg fänken d'Olympesch Spiller offiziell un. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther. Hie beschreift wéi et ass des extraordinär Olympesch Spiller ze couvréieren.

Bob Bertemes
Am Gespréich

De Bob Bertemes hat sech fir d'olympesch Spiller 2020 zu Tokyo qualifizéiert. Wéinst der Pandemie goufen déi bekanntlech verluecht. Am Gespréich erzielt de Kugelstousser, wéi dat säin Training beaflosst huet.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen