SREL "Net méi wéi e weidere Stuerm am Waasserglas"

De fréiere SREL-Mataarbechter Frank Schneider hätt gär, datt de fënnef Joer ale Rapport vun der Geheimdéngscht-Enquêtëkommissioun de-publizéiert gëtt - op d'mannst esou laang, bis d'Justiz tranchéiert huet. D'Lëtzebuerger Wort schreift, dat géif fir "Wirbel in der Politlandschaft" suergen. Dobäi gëtt et dofir kee Grond, mengt de Chefredakter vum radio 100,7.

Jean-Claude Franck

Kommentar Jean-Claude Franck
Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck

D'Fuerderungen an d'Kritike vum Frank Schneider géife fir "Wirbel in der Politlandschaft" suergen, huet d'Lëtzebuerger Wort de Moie geschriwwen. D'Formulatioun gëschter op Wort Online huet nach méi dramatesch geklongen. Dobäi gëtt et guer kee Grond fir Turbulenzen: Ee vun den Inculpéierte wëllt verhënneren, datt nach weider kann op de Rapport vun der Enquêtëkommissioun zeréckgegraff ginn, e puer Méint éier et viru Geriicht zu engem Prozess kënnt wéinst méiglechen illegalen Ecouten a wéinst dem Matgoeloosse vun deenen Opnamen.

Verdeedegung: Jo, mä mat Fakten

Datt de Frank Schneider sech verdeedegt a seng Onschold beweise wëllt, ass ganz normal an ze verstoen. Hien ass nach vu kengem Geriicht schëlleg gesprach, mä als Ugeklote riskéiert hie reng theoretesch Prisong- an/oder Geldstrofen. Datt hien als fréiere Geheimdéngschtler, deen haut e private Sécherheetsdéngscht huet, all Regëster zitt, fir sech ze verdeedegen, ass och "de bonne guerre". Allerdéngs muss ee sech bei all Defense mat de Fakten auserneesetzen, amplaz just op d'Schaumschléiereien ofzefueren.

D'Versioun vum Frank Schneider ass einfach ze resuméieren: Hien hätt näischt Illegales gemaach, mä sech ëmmer fir den Interessi vum Land agesat. D'Srel-Affär wier finalement net méi gewiescht, wéi eng politesch a medial inzenéiert Conspiratioun fir den deemolege Premier Jean-Claude Juncker ze stierzen.

Dysfonctionnementer beim Srel

Dobäi weisen eis Recherchen an eis vill Bäiträg, déi mir am Joer 2013 publizéiert hunn, genee de Contraire: e puer Srel-Mataarbechter, "éléments libres", hunn an de Joren 2000 bis 2008 fir gréisser Dysfonctionnementer am Srel gesuergt. Si hu probéiert CIA, Mossad a BND ze spillen, hunn dobäi awer d'Roll vun engem Lëtzebuerger Geheimdéngscht an de Lëtzebuerger Gesetzer komplett aus den Ae verluer:

  • Et goufe Kontakter mat zweiwelhafte Sourcen a Privatagenten
  • Et gouf méigleche schwaarze russesche Gelder op der Lëtzebuerger Finanzplaz hannendru gerannt
  • De Srel ass tëscht d'Fronte gerode vu russeschen a briteschen Déngschter, wat zu enger Morddreeung gefouert huet
  • Et goufen Informatioune mat aus dem Srel erausgeholl, fir déi dono an der Privatwirtschaft weider ze verwäerten
  • Et gouf eng ekonomesch Prospektiounsrees an den Norde vum Irak organiséiert mat ënner anerem engem spéidere Sponsor vum Frank Schneider sengem privaten Informatiounsdéngscht
  • D'Cargolux gouf an e schlecht Liicht geréckelt woumat méiglecherweis e Verkaf vun engem Deel vun den Aktie sollt acceleréiert ginn
  • Et goufe Spionage-Missiounen a Südafrika
  • Et gouf e Rapport geschriwwen, an deem de Procureur General um Héichpunkt vun der Bommeleeër-Enquête diskreditéiert gouf
  • De Premier gouf ouni deem säi Wësse mat enger Auer opgeholl
  • Et goufen CDe mat Ecouten drop mat aus dem Srel erausgeholl

Woubäi d'Aueren-Opnam vum Gespréich Juncker-Mille e puer Joer drop, am Hierscht 2012, zu engem Zäitpunkt wéi d'Bommeleeër-Enquête sech fir de Srel interesséiert huet, op eemol an der Press opgedaucht ass.

D'Komplikatioune vum Srel-Prozess

Lo muss een drun erënneren, datt de Prozess géint de Frank Schneider, mä och géint den André Kemmer an de Marco Mille schonn ugesat war, mä de leschten November erëm ofgesot gouf, well den haitegen EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker keng Zäit fonnt huet, fir als Zeien auszesoen.

Wéi de Prozess ofgesot gouf, hunn de Frank Schneider an de Marco Mille eng weider Plainte gemaach, fir eng vun de Piècen aus dem Dossier (d'Transkript vum Aueregespréich), déi fir si net favorabel ass, als Fälschung duerzestellen. Ouni Iwwerraschung schénge si och domat net duerchzekommen, a genee an deem Dossier steet elo just nach d'Decisioun vun der Cour supérieure vun der Chambre du Conseil aus. Fält déi d'selwecht aus wéi an éischter Instanz, dann ass déi Plainte vum Dësch, an de Prozess ka kommen.

Dokumenter ginn a Fro gestallt

Et ass an deem Kontext, wou een d'Fuerderung fir d'De-Publikatioun vum Rapport vun der parlamentarescher Srel-Enquêtëkommissioun muss gesinn. All Dokumenter, déi der Defense schuede kënnen, ginn a Fro gestallt, bis haut awer ouni Erfolleg. Donieft gëtt véier Méint virun de Chamberwahlen dovu profitéiert, fir d'Theorie vun der politescher a medialer Conspiratioun nees an d'Diskussioun ze bréngen.

Wann d'Lëtzebuerger Presse- a Politlandschaft dorop erafält, ass se selwer Schold.


De Jean-Claude Franck am Panorama, den 8. Juni um 12 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Mille-Schneider-Kemmer
Geheimdéngscht-Affaire

Den éischten Dag am Geheimdéngscht-Prozess ass den 29. November. De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider musse sech viru Geriicht veräntwerten.

Jean-Claude Franck Meenung
Kommentar

Déi aktuell Affär ëm eng illegal SREL-Ecoute weist, datt sech d'Attitude vun der Politik a Punkto Geheimdéngscht iwwerhaapt net geännert huet. E Kommentar vum Jean-Claude Franck.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen