Am Ganze goufe bis elo 37 Milliounen Euro fir de Projet ausginn, dovunner gounge 14 Milliounen un den Architekt. Déi Sue wieren awer "net alleguer an de Sand gesat", esou de Sam Saberin, Coordinateur vum Projet.
Zum Deel kéint een op d'Aarbechten opbauen, notamment ginn d'Pläng vum Architekt gréisstendeels iwwerholl. Eng genee Opschlësselung dovun, wéi vill ëffentlech Gelder verluer gaange sinn, gouf et net. De Georges Mischo, President vum Verwaltungsrot vum CHEM an Escher Deputé-maire
"Bei sou enger Saach sinn ëmmer mol Suen, déi dann d'Baach of sinn. Well eng Kënnegung ass ëmmer eng Kënnegung. Mee et ass net sou, datt mir do Milliounen a Milliounen a Millioune versickere gelooss hunn. Dat sécher net."
Et komme méi Käschten op de Projet duer
Allerdéngs: d'Enn vum Kontrakt kascht a wäert och weider kaschten, seet de Sam Saberin. Et misst een d'Prozedur nei lancéiere fir en neie Partner u Bord ze huelen. "Dat kascht natierlech eppes".
Doduerch géif et och méi laang daueren, bis d'Südspidol gebaut gëtt. "A wat de Bau an de Projet méi laang daueren, wat et forcement och méi kaschte wäert."
D'Zesummenaarbecht mam Albert Wimmer weider ze féiere wier wéinst enger grousser Onzouverlässegkeet an "Augenwischerei" vum Architekt onméiglech ginn. De Georges Mischo, President vum Verwaltungsrot vum ChEM sot et hätt een ëmmer geduecht, datt de Knuet an der Koordinatioun eng Kéier géif lassgoen, bis ee gemierkt hätt, datt et net méi géif goen. De Projet huet eng Virgeschicht: scho viru Jore goufen et Zweiwel um Architekt Wimmer.
D'Ëmsetzung huet net geklappt
Um Donneschdeg huet de CHEM no engem favorabelen Avis vun der staatlecher Commission de soumissions d'Kontrakter mat Health Team Europe unilateral gekënnegt. Grond wier eng laangfristeg Onzouverlässegkeet vun HTE. Kreativ wier den Arichtket Wimmer schonn, mee d'Ëmsetzung hätt net geklappt.
Éischter aus dem Kontrakt vun 2016 erauszeklamme wier keng Optioun gewiescht, seet de Goerges Mischo. Dat wier juristesch net esou einfach. Sollt HTE, mam Albert Wimmer un der Spëtzt, extra Uspréch geltend maachen, géif een déi awer zeréckweisen.
D'Südspidol wier een zukunftsweisende Projet, hunn déi Responsabel virun der Press ënnerstrach. De Retard géif och keng manner gutt Prise en charge vum Patient mat sech bréngen.
Trotzdeem géif déi héichmodern Klinik natierlech Verbesserunge bréngen, sou de CHEM-Direkter René Metz: gewësse Fluxe kéinte méi séier a méi koordinéiert iwwer d'Bün goen. Et kéint ee Suen aspueren, well d'Spidol net méi op verschidde Sitte verdeelt ass, an et d'Gestioun vum Gebai kéint anescht organiséiert ginn.