Uni Lëtzebuerg Net a Faillite, drastescht Spueren net noutwenneg
Et dierft een aus dem fréiere Recteur Rainer Klump kee Sënnebock maachen. Fir déi aktuell Problemer wären eng Partie Acteure responsabel, seet de Frédéric Krier. Nieft dem Recteur, deen de Budget virbereet huet, hätt och de Verwaltungsdirekter Alfred Funk Verantwortung. Seng Aufgab war d’Preparatioun vum Budget zesumme mat de Ressources humaines.
Datt d'Uni Lëtzebuerg d'Berodungsfirma McKinsey ageschalt huet fir Spuermesuren ëmzesetzen, géif e falscht Bild vermëttelen. D'Uni géif nämlech net kuerz virun der Faillite stoen, sou de Frédéric Krier vum OGBL-SEW. Et géif keen Defizit vu 27 Milliounen Euro ginn, am leschte Joer wier souguer en Iwwerschoss iwwreg bliwwen. "Et hu sech bis elo Reserven an Héicht vu 17 Milliounen Euro accumuléiert", seet de Gewerkschaftler.
Den aktuelle Problem géing dohier kommen, datt d’Uni fir 2017 vun engem Wuesstem vun hire Moyen’en ausgaangen ass an doropshin nei Projeten a Rekrutementer lancéiert huet. Dat wär elo ofgebremst ginn duerch Spuermesuren. 5,6 Milliounen Euro solle beim Personal gespuert ginn. Begrenzte Kontrakter gi net ersat, Fuerschungsinstituter kréien hir Budgete gekierzt an "d’Personal muss bäileeë beim Kaffi”, seet de Frédéric Krier. Domadder géing e Klima geschaf, datt onbedéngt misst gespuert ginn. “Mir si fir eng realistesch Finanzpolitik an eng laangfristeg Planung. Do huet et effektiv déi läscht Joer vläicht e bësse gehapert. Mee mir gesinn net d’Noutwendegkeet fir drastesch Spuermoossnamen duerch ze zéien.”
Méi Participatioun
Elo steet d'Opstelle vum Budget fir 2018 un an d’Uni muss e neie Véier-Joresplang ausschaffen. Mat dem néie Gesetz fir d'Uni um Wee, ass fir den OGBL-SEW elo de Moment fir d’Personal an de Féierungsgremien ze stäerken. D’Gewerkschaft fuerdert e Vertrieder am Conseil de gouvernance an och d’Zivilgesellschaft misst representéiert sinn, seet de Frédéric Krier. Donieft misst de Conseil universitaire, an deem d'Uni-Basis vertrueden ass, misst reell Pouvoire kréien a gestäerkt ginn. Bis elo huet dëst Organ just eng consultativ Stëmm.
Recteur aus eegene Reien
“De Recteur muss fir déi deeglech Gestioun a fir d’Festleeung vun de wëssenschaftleche Prioritéiten responsabel sinn”, sou de Frédéric Krier. Et wär gutt wann de neie Recteur aus den eegene Reie kéim. Et misst eng Persoun sinn, déi d’Uni scho kennt an neutral tëscht de Fakultéite steet. Mam neie Gesetzprojet iwwert d’Uni géing d’Gefor bestoen, datt et zu enger Féierung vun dräi Leit kënnt: de President vum Conseil de Gouvernance, dem Recteur an dem President vum Conseil universitaire. "Do brauch een eng kloer Oftrennung vun de jeeweilegen Aufgaben."
De OGBL-SEW verhandelt zanter 2010 un engem Kollektivvertrag mat der Uni. Am 2015 war en Tëschen-Accord ofgeschloss ginn. “Mir sinn eis bei der Fro vun de Léin ni eens ginn." 2016 goufen d'Verhandlunge relancéiert. Wéinst der aktueller Situatioun sinn se nees ënnerbrach ginn.