Neiwahlen a Groussbritannien Theresa May annoncéiert Regierungsbildung mat DUP

De Plang vun der Premierministesch fir hir Partei virun de Brexit-Verhandlungen ze stäerken, ass net opgaangen: Déi Konservativ bleiwe stäerkste Partei, mee verléieren déi absolut Majoritéit. Labour gouf gestäerkt. Trotzdem wëll d'Theresa May eng Regierung bilden. D'DUP soll Koalitiounspartner ginn.

D'Theresa May annoncéiert, datt si eng Regierung wëllt bilden
D'Theresa May annoncéiert virun der 10, Downing Street, datt si eng nei Regierung wëllt forméieren (©Foto: picture alliance / Ik Aldama)

Déi britesch Premierministesch Theresa May wëllt eng nei Regierung mat der Ënnerstëtzung vun der nordirescher DUP bilden. Vun der britescher Kinnigin krut si en deementspriechenden Optrag. Déi nei Regierung sollt Gewëssheet fir d'Zukunft bréngen an d'Land duerch d'Brexitverhandlunge féieren, sot d'Premierministesch duerno virun der Downing Street. D'Verhandlunge solle wéi geplangt den 19. Juni ufänken.

Déi konservativ Tories krute bei de Wahle zwar déi meeschte Stëmmen, verléieren awer hir absolut Majoritéit. Hinne feelen aacht Sëtz fir eng Majoritéit zu Westminster. Déi protestanesch DUP kënnt op 10 Mandater.

Déi oppositionell Labour-Partei ass grousse Gewënner vun der Wahl a konnt 29 Sëtz am Parlament gewannen. De Parteichef Jeremy Corbyn huet an der Nuescht schonn d'Démissioun vun der Premierministerin gefuerdert. Si hätt de Réckhalt an d'Vertraue vum Vollek verluer. Si misst sech zeréckzéien a Platz fir eng wierklech repräsentativ Regierung maachen, sou den Jeremy Corbyn.

Kaum Afloss vun Terror

D'Attentater vu London a Manchester hätte kaum zu der Defaite vun den Tories bäigedroen, sot den Denis Macshane, fréiere britesche Labour-Europa-Minister um radio 100,7. An den 80er Jore gouf et eng ähnlech Situatioun, mat den Attentater vun den ireschen Nationalisten, déi hätte kaum een Afloss gehat op déi britesch Politik.

Et kéint een elo feststellen, datt d'Wieler d'Positioun vun der Premier Ministesch a punkto Brexit verworf hätten, sou den Denis Macshane. Si hätt fir een haarden Brexit plädéiert, nom Modell deen di riëtsextrem UKIP-Partei proposéiert. D'Britten hätte mëttlerweil gesinn, wéi een héije Präis se misste mat engem haarde Brexit bezuelen. De Wieler hätt sech iwwerdeems géint d'Autéritéitspolitik revoltéiert. Zanter zéng Joer gouf et a Groussbritannien keng Lounerhéijung méi, sou nach den Denis Macshane.

"Haarde Brexit gestuerwen"

"Dat do ass e Schlag an d'Waasser", seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) um radio 100,7. "Et ass eng schlecht Campagne gemaach ginn. D'Demenzsteier, Sécherheetsfroen, d'Ofschafe vun deenen 20.000 Poliziste wou si Inneminister war ..." Fazit wier, datt ee sech net vu Sondagen diert verféiere loossen. Déi waren nach en Faveur vun der Theresa May, zu deem Zäitpunkt wou si Neiwahlen ausgeruff hat.

Jean Asselborn

"Den haarde Brexit ass mam Resultat vun dëser Wahl gestuerwen", seet de Jean Asselborn. Eng minoritär Regierung kéint gutt sinn, well d'Briten da missten op d'EU zougoen. "A vläicht schlecht, well een net weess ob d'Regierung fir Decisiounen eng Majoritéit an hirem Parlament huet."

Keng Verlängerung vum Delai

D'Verhandlungen sollten ufänken, wa "Groussbritannien prett dofir ass", sot de Brexit-Negotiateur vun der EU, Michel Barnier. D'Positioun vun der EU an den Zäitplang wieren awer kloer.

Eng Verlängerung vum Delai vun zwee Joer fir d'Brexit Verhandlunge läit aus Siicht vum EU-Kommissiounspresident net um Dësch. Fir d'éischt misst een iwwerhaapt mol mat den Negociatiounen ufänken, éier een iwwert eng Verlängerung géing diskutéieren, sot de Jean-Claude Juncker.

Méi zum Thema

Denis MacShane
Denis MacShane

Dat britescht Vollek sot Nee zum haarde Brexit, Nee zum Nationalismus a Nee zur Austeritéitspolitik déi et zanter zéng Joer a Groussbritannien gëtt. D'Analys vum fréieren Europaminister Denis MacShane.

Wahlen a Groussbritanien. Een Här zu Reading stellt Schëlter virum Wahlbureau op.
Neiwahlen a Groussbritannien

A Groussbritannien si virgezunne Parlamentswahlen. Obwuel méi wéi eng Dose Parteien un de Wahle wäerten Deel huelen, leeft et op en Duell tëschent de Konservativen an der Labour-Party eraus.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen