Groussbritannien Neiwahle virum Brexit?
De Boris Johnson wëllt Neiwahlen de 15. Oktober, zwou Wochen ier Groussbritannien aus der EU erausklëmmt. Dofir brauch de britesche Premier eng zwee-Drëttel Majoritéit, déi hien am Ablack net huet. Dat obwuel d'Oppositioun an der Theorie och fir Neiwahlen ass. Déi hätt des Neiwahlen awer léiwer nodeems e Brexit ouni Accord gesetzlech ausgeschloss ass. Eng Analyse aus Groussbritannien, vum Martin Schauss.
De Boris Johnson huet sech selwer schachmatt gesat. Mat enger Suspendéierung vum Parlament wollt hie senger Regierung fräi Hand gi fir de Brexit Enn Oktober, Deal oder No Deal. Mat senger aggressiver Taktik huet hien et awer nëmme fäerdeg bruecht d'Oppositioun ze mobiliséieren. Dorënner och eng Rëtsch moderéiert Deputéiert aus senger eegener Partei.
D'Parlament huet den Dënschde mat engem Vott den Ordre du Jour iwwerholl. E Mëttwoch gouf e Gesetzvirschlag gestëmmt, deen e Brexit ouni Accord verbitt; dat mat enger zolitter Majoritéit. 21 konservativ Deputéierten hu géint hier nei Regierung gestëmmt. Wärend der Ried vum Premier ass e weidere Konservative sech bei déi Liberal sëtze gaangen - hien huet d'Partei gewiesselt, virun der Nues vun der Regierung. Domat war d'parlamentaresch Majoritéit vun de Konservative fort.
An dunn ass se an de Minus gaangen. De Premier huet net laang gefackelt an all 21 Rebellen aus der Partei gehäit, bis elo ouni Vue op Retabléierung. Dorënner de Philip Hammond, nach bis viru kuerzem Finanzminister, an eng Rëtsch aner gestane Parteimemberen. Munch krute per SMS gekënnegt. Iwwer d'Halschent hu gemellt, si géifen als Independant an déi nächst Wahle goen.
Zwou Defaitë fir de Boris Johnson
Den Donneschdeg huet dunn och den Jo Johnson gekënnegt, Brudder vum Premier a Minister fir d'Universitéiten. Hie kéint d'Spannungen tëscht Famill a Politik net méi verdroen, sou den Jo Johnson, dee fir en neie Brexit Referendum ass.
Kuerz no der éischter Defaite um Mëttwoch, koum déi zweet. Fréiwahlen de 15. Oktober. Dem Gesetz no gëtt eng zwee-Drëttel Majoritéit gebraucht fir Wahlen no fir ze réckelen - dat war de Plang. Et esou dréine wéi wann d'Regierung keng aner Méiglechkeet gehat hätt. Schliisslech huet de Chef vun der Labour Oppositioun zanter Méint no Wahle geruff.
Ma um Enn huet och dat net geklappt. De Vott louch wäit vun der Majoritéit ewech. Keng Wahlen also op mannst bis de Brexit ouni Accord definitiv vum Dësch ass, sou heescht et vun de Sozialdemokraten.
Wahle kuerz virum Brexit-Datum géif de Konservativen an d'Hänn spille
D'Resultat louch zum Deel dorun, datt d'Taktik vum Premier scho laang bekannt war. Wahle sou kuerz virun der Sortie aus der EU géif éischtens Support fir déi Konservativ mobiliséieren. De Premier kéint säi Versprieche fir Halloween aus der EU ze sinn halen. Zweetens wier eng Koalitioun fir d'Oppositiounsparteien a sou kuerzer Zäit schwiereg. Besonnesch well do och intern Streidereie bestinn.
Gëschter sollt amfong den éischte Wahlkampf Dag si fir de Boris Johnson, mat enger Rei Rieden uechtert d'Land. Do huet hie mat charakteristescher Rhetorik gemellt, léiwer an engem Gruef ze stierwen, wéi eng Verlängerung vun de Brexit Verhandlungen unzefroen.
De Méinde soll dann nach eng Kéier iwwer Neiwahle gestëmmt ginn, seet d'Regierung. Wann de Gesetzesvirschlag géint en No Deal duerch ass, gëtt et méi schwéier fir Labour, Fréiwahlen ofzelehnen. Lo ass d'Fro, op d'Oppositioun d'Gedold huet, ze waarde bis de Boris Johnson dann awer schlussendlech eng Verlängerung vun de Brexit Verhandlungen ufroe muss. Déi Kéier da vum Gesetz verflicht.
De Gesetzvirschlag géint en No Deal Brexit soll haut de Mëtte scho vum Uewerhaus mat Revisiounen un d'Parlament zréckgoen.