Dateschutz Neit Gesetz reegelt Sammele vun Daten

D'Justizministesch Sam Tanson wëllt eng Rei EU-Direktiven am Beräich vum Dateschutz mam Depot vun engem Gesetzesprojet ëmsetzen. Méi prezis geet et ëm d'Sammele vu Beweegungs- a Lokaliséierungsdaten.

Jacques Ganser / cbi

Michèle Schummer; Sam Tanson; Laurent Thyes
D'Justizministesch Sam Tanson bei der Presentatioun vum neie Gesetzestext. Foto: Ministère de la justice

Lauschteren


Déi Donnéeën, déi just opweisen, wie wéini mat wiem telephonéiert huet a wou ee sech zu deem Moment opgehalen huet, sollen an Zukunft just nach ënner spezielle Konditioune kënne gesammelt ginn, esou d'Sam Tanson.

Domat soll dat generellt an ondifferenzéiert Späichere vun Trafic- a Standuertdonnéeën ofgeschaaft ginn, erkläert d'Justizministesch.

Et gi punktuell Ausnamen

Ausname gëlle fir IP-Adressen, déi weiderhin zäitlech begrenzt ofgespäichert kënne ginn, dëst virun allem wéinst den Enquêten am Beräich vun der Pedopornographie. Dat selwecht gëllt fir déi elementar Donnéeën, déi ee bei engem Provider hannerléisst, also zum Beispill den Numm.

Och cibléiert kënne weiderhin Date gesammelt ginn, dat zum Beispill an der Situatioun vun enger graver Menace fir déi national Sécherheet. Och vu bestëmmte Persounen oder op geographesch Plazen, déi nach festzeleeë sinn, kënne cibléiert Date gesammelt ginn.

Strikt Reguléierung vum Accès

Den Accès zu dësen Donnéeën ass strikt reguléiert, erkläert d'Justizministesch Sam Tanson: just am Kader vun enger Enquête kéint een Accès op déi Date kréien, den och extra motivéiert misst ginn.

D'Reegele fir deen Accès géifen et haut schonn am Kader vum Code de procédure pénale ginn, seet d'Sam Tanson:

"Bei der Justiz ass dat op Ufro vum Untersuchungsriichter a beim Geheimdéngscht ass et den Artikel 7 vum Geheimdéngschtgesetz an dat ass op Autorisatioun vum Comité ministériel de renseignement, deen et dann haut och scho gëtt."

Der Justizministesch no hätt ee mam Text probéiert en Equiliber tëscht Sécherheetsintressen an dem Schutz vu perséinlechen Donnéeën ze schafen.

Méi zum Thema

Datebank
Zentrale Policefichier

An der Chamberkommissioun fir bannescht Sécherheet stoung haut de Projet de loi zur Diskussioun, mat deem den Dateschutz am sougenannten zentrale Policefichier garantéiert soll ginn. D'CSV ass nach net zefridde mam Text.

5G
Kommunikatioun

D'Procureure générale d'Etat hat Enn Januar gewarnt, datt mam Aféiere vu 5G-Reseaue keng Verdächteger méi kéinten ofgelauschtert ginn. Dee Verdacht kënnen Experten awer net confirméieren.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen