Educatioun Et ginn nei Reegelen an de Schoulen ageféiert

D'Schoule bleiwen - mat den neie Restriktiounen, déi gëschter ugekënnegt goufen - op, mee et kommen eng ganz Rëtsch nei Mesuren. Et ginn, ënner anerem, A/B-Gruppen op den ieweschte Klassen agefouert an et gi Semesteren amplaz Trimesteren. Dat geet aus engem Schreiwes vum Educatiounsministère un d'Lycées-Direkteren ervir, een Dokument, dat eis virläit.

Françoise Medernach / cz

Schloul Klassesall Wavebreak Media
Bigstock / Wavebreak Media

De Bäitrag vum Françoise Medernach lauschteren


D'A- a B-Gruppen gi just op den ieweschte Klassen agefouert. Dat heescht op 4e, 3e an 2e am Enseignement Secondaire Classique, am Enseignement Secondaire General an an der Formation professionnelle. Et ass de Lycéeën iwwerlooss, wéi si déi Gruppe wëllen organiséieren. Ob d'Klasse gespléckt ginn oder ganz Klassen ofwiesselend doheem oder an der Schoul enseignéiert ginn. Zil ass, datt ëmmer just d'Hallschent vun de Schüler an der Schoul sinn. Et ass och de Lycéeën iwwerlooss, ob d'Gruppen all Dag oder all Woch wiesselen.

De Ministère ënnersträicht a sengem Schreiwes, datt d'Matière an och d'Schoulzäit déi selwecht bleift. D'Participatioun vun de Schüler un de Couren vun doheem aus ass obligatoresch.

Fir d'Formation professionnelle sollen déi praktesch Stonnen an den Atelieren oder Laboen, wa méiglech am Lycée ofgehale ginn an déi theoretesch Stonnen doheem. Do sollen déi verschidde Lycéeën, déi déi selwecht Formatiounen ubidden, sech och concertéieren, fir datt et keng ze grouss Disparitéite ginn.

Nei ass och, datt et fir de ganze Secondaire Semesteren amplaz Trimestere ginn. D'Zuel vun de Prüfungen awer bleift déi selwecht, wéi déi, déi pro Trimester virgesi war. Dat éischt Semester geet bis d'Fuesvakanz, Chrëscht-, Ouschter- a Summervakanz fänken och all Kéier réischt Freides, an net scho Mëttwochs, un.

Wéi d'1ères-Klassen organiséiert ginn, kréien d'Lycéeën vun de Regierungskommissär matgedeelt, déi sech ëm d'Ofschloss-Exame këmmeren.

Pedagogesch Visitten, Ausflich a Reesen si bis op Weideres annuléiert.

Méi zum Thema

Pia Oppel Analys
Nei Mesurë géint de Virus

Déi verschäerfte Mesurë géint de Coronavirus dierften eisen Informatioune no fréistens e Mëttwoch a Kraaft trieden. Et deit alles drop hin, datt nei Restriktioune kommen, mengt d'Pia Oppel an enger Analys.

Schoul Coronavirus
Coronavirus

Den Educatiounsministère huet der zoustänneger Chamberkommissioun de Freideg nei Moossname fir de Schoulberäich matgedeelt. Dat fir de Fall, datt d'Restriktioune fir d'Bevëlkerung insgesamt duerch en neit Covid-Gesetz verschäerft ginn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen