Corona-Kris Neie Covid-Gesetzprojet

Déi zwee Covid-Gesetzer, déi nach bis Enn Juli gëllen, sollen duerno duerch een eenzelt Gesetz ersat ginn. De Projet, dee vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert an der Chamber deposéiert gouf, proposéiert eng nei Approche: Amplaz eng ganz Rei Aktivitéiten ze verbidden oder d'Versammlungsfräiheet ze limitéieren, gëtt op Hygiènesreegele gesat.

Pia Oppel / cbi

Illustratiun Rechter Coronavirus COVID-10
Symbolbild. Foto: Bigstock / digitalista

De Bäitrag vum Pia Oppel lauschteren


Allgemeng soll bei ëffentlechen Aktivitéiten dobanne weiderhin eng Maskeflicht gëllen.

Wa méi wéi 20 Leit beienee kommen - egal, ob privat oder ëffentlech, dobannen oder dobaussen - da musse se eng zougewise Plaz hunn an zwee Meter Ofstand halen.

Wann déi Distanz net ka respektéiert ginn oder wann d'Leit net sëtzen, muss eng Maske gedroe ginn. Bei Verstéiss si Geldstrofe vu bis zu 500 Euro virgesinn.

Een Agrëff an d'Privatsphär?

Domadder géif also och eng Restriktioun am Privatberäich agefouert ginn, déi awer net d'Versammlungsfräiheet u sech viséiert. Ob de Staatsrot domadder averstanen ass, bleift ofzewaarden.

Wéi d'Regierung beim éischten Entworf vun den aktuell gültege Covid-Gesetzer proposéiert hat, datt een doheem maximal sechs Gäscht dierft ëmfänken, gouf et eng formell Oppositioun, wéinst engem disproportionellen Agrëff an d'Privatsphär.

Kanner: "Approche plus souple"

Et bleift esou, datt Kanner ënner sechs Joer an alle Situatioune vun der Maskeflicht ausgeschloss sinn. Dat selwecht gëllt fir Persounen, déi d'Masken- oder Distanzflicht wéinst enger Behënnerung net kënnen anhalen.

An de Schoulen a bei parascolaire Aktivitéite solle weder Masken- nach Distanzflicht gëllen.

Am Commentaire vun den Artikelen heescht et dozou als Erklärung:

"Comme au Luxembourg les cas pédiatriques de Covid-19 ne représentent qu'une faible part de l'ensemble des cas rapportés, et qu'en outre les enfants infectés présentent majoritairement des formes asymptomatiques ou peu graves, force est de constater que la réouverture des écoles, lycées et structures d'éducation et d'accueil n'a pas eu d'impact majeur en ce qui concerne la transmission du virus. Ceci est d'ailleurs confirmé par de nombreuses études épidémiologiques faites dans différents pays qui établissent que la résistance des enfants à cette infection trouve son explication au niveau moléculaire dans l'expression réduite d'une protéine de récepteur cellulaire pour le virus.

À cela s'ajoute le fait que pour les enfants et les jeunes une activité physique s'avère indispensable et qu'ils ont besoin de nouer et de maintenir des relations sociales. Ce besoin est d'autant plus grand qu'ils ont été confinés pendant près de deux mois. De plus, il est à prévoir que de nombreuses familles décident de reporter leurs vacances et que davantage d'enfants et de jeunes se trouveront au pays pendant cet été. Il devient important de pouvoir leur proposer des activités de loisirs organisées, à la fois pour soutenir leurs parents et pour permettre aux enfants et jeunes de nouer des relations sociales.

Finalement, une collaboration étroite avec les organisateurs des activités de vacances permettra également de prolonger les efforts de sensibilisation envers les enfants etjeunes. Ceux-ci bénéficieront d'un encadrement assuré par des personnes formées à leur tâche. Cependant, les règles de distanciation physique sont très difficiles, voire impossibles à imposer lors de ces activités de loisirs en groupe.

Dès lors, il faut pouvoir adopter une approche plus souple, adaptée aux besoins des enfants et jeunes tout en garantissant l'identification des contacts générés à travers les activités. Cela étant, il est proposé de ne plus limiter les contacts physiques dans le cadre des activités d'encadrement pédagogique pendant les vacances scolaires pour enfants et jeunes organisés par des organismes qui relèvent de la compétence du ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse."

Sport a kulturell Aktivitéiten

D'selwecht beim Sport a bei kulturellen Aktivitéiten - wou d'Hygiènesreegele just fir de Publikum solle gëllen. Dëst wier méiglech, well de Bedeelegten d'Identitéit vun hire Kontakter an deene Kontexter bekannt wier - wat den Traçage vun de Kontakter vun enger infizéierter Persoun erméiglecht.

Foiren a Salonen, wou de Public zirkuléiert, sollen elo och nees dobannen autoriséiert ginn, hei mussen awer Maske gedroe ginn.

Caféen a Restauranten

Eng Prezisioun gëtt et dann och fir d'Caféen a Restauranten: et soll just um Dësch dierfen zerwéiert ginn. Schonn elo gëllt, datt d'Cliente just dierfen op Sëtzplazen ëmpfaange ginn.

D'Zuel vu Gäscht pro Dësch bleift bei maximal zéng, et sief dann et si Persounen, déi zesumme wunnen. Bei Verstéiss bleift et bei Strofe fir d'Bedreiwer vu bis zu 8.000 Euro an der Méiglechkeet, datt ee Lokal zougemaach gëtt.

Ännerunge beim Tracing

Eng wichteg Ännerung betrëfft d'Personal am Gesondheetsministère, dat den Traçage vun de Kontakter mécht. Dës Aufgab dierf den Ament just vu Leit mat enger medezinescher Ausbildung iwwerholl ginn, wéi Dokteren an Infirmièren.

Well dat Personal awer limitéiert ass, sollen elo och aner Fonctionairen an Employéen dat dierfe maachen - si sinn dobäi awer explizitt un d'Beruffsgeheimnis gebonnen.

Am Commentaire vun den Artikele gëtt d'Demarche esou begrënnt:

"Les chiffres des nouvelles infections sont en hausse ces derniers jours, de sorte que le travail effectué par l'inspection sanitaire au sein de l'équipe du traçage de contacts augmente substantiellement. Une personne positive au Covid-19 a en moyenne entre 20 et 50 contacts, de sorte que les travaux administratifs liés au traçage des contacts augmentent en conséquence. Faute de disposer de médecins et professionnels de santé en nombre suffisant pour effectuer ces travaux, il est proposé de donner la possibilité au directeur de la santé de recourir, pour l'exécution de ces tâches, également à des fonctionnaires ou employés désignés par lui à cet effet."

Geplangt ass eisen Informatiounen no, fir d'Equipe vun enger enger gudder Dose feste Mataarbechter op 100 Leit opzestocken.

Vill aner Mesuren aus den aktuell gültege Covid-Gesetzer ginn am neien Text iwwerholl, mat deelweis klengen Upassungen. Déi ëmstridde Prozedur vun der Zwangsaweisung bleift bestoen.

Méi zum Thema

Alex Bodry
Corona-Kris

D'Aschränkungen an der Corona-Kris wieren déi gréisst zanter dem Zweete Weltkrich, seet den Alex Bodry. Hien ass besuergt, datt ee sech dorunner winnt. Dofir misst ee séier zeréck an eng normal Situatioun.

Martine Hansen
Mesurë géint d'Kris

Et kéint ee scho geschwënn op de Punkt kommen, wou d'Santé net méi all d'Nei-Infektiounen ouni digital Hëllef tracéiere kéint, esou d'CSV-Fraktiounscheffin. Dofir misst elo iwwer eng Tracing-App geschwat ginn, esou d'Martine Hansen.

François Bausch
Corona-Kris

Well d'Zuel vun den Neiinfektiounen an de leschten Deeg geklommen ass, misst een d'Covid-Gesetzer vläicht verschäerfen, seet de François Bausch. Op private Partye géif et eng héich Ustiechungsgefor ginn.

Programm

Net verpassen

  • AutorInne-Lies

    Autorinnelies final

    Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen. 

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen