arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Vëlospist an der Stad

Douce Mobilitéit

|
reading time

4 min

Nei Vëlospist an der Stad

Ouni Stau vum Kierchbierg bis op d'Gare? Dat soll an Zukunft net just mam Tram, mee och mam Vëlo méiglech sinn - an dat mat enger eegener Vëlospist, déi laanscht den Tram soll féieren. Am Hierscht fänken d'Aarbechten dofir un. An enger éischter Bauphas gëtt déi nei Vëlospist vum Pont Adolphe aus a Richtung Paräisserplaz erweidert. Hei soll separat vum Autostrafic a vun de Foussgänger eng Vëlospist vun dräi Meter kommen, wou d'Cyclisten a béid Richtunge fuere kënnen.

reading time

4 min

Genee dat géif elo och op der wichteger Axe, souwuel um Kierchbierg, wéi och an der neier Avenue fir den Tram gemaach ginn. Den Tram wier an all Stad eng Geleeënheet, fir de Stroosseraum nei ze denken an eng Mobilitéit nei ze denken, seet de Christophe Reuter, deen d'Verkéiersplanung vum Infrastrukturministère leet.

Bei dëser nationaler Vëlospist an der Neier Avenue fueren d'Vëloen an d'Zukunft eleng op hirer Spuer. Doduerch géif d'Konfliktpotential mam motoriséierten Trafic a mat de Foussgänger miniméiert ginn. Just op Kräizunge géife sech an d'Zukunft d'Weeër tëscht de Cycliste mat de Foussgänger an den Autoe respektiv Busser kräizen, so Christophe Reuter. Allerdéngs géifen et keng Situatioune bei der neier Pist ginn, wou Foussgänger an d'Vëlosfuerer openee stoussen.

"Well och mat den elektresche Vëloen, déi ëmmer méi opkommen an déi och méi séier sinn, besteet op esou Mëschfläschen en immenst Potential fir Accidenter."

Getrennte Spuere vermeide Konflikter

Fir de Verkéiersbond an d'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ géif dës Initiativ vun de getrennte Spueren a Weeër an déi richteg Richtung goen. Hei géif een onnéideg Konflikter aus dem Wee goen, seet de Philippe Herkrath vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ. Wann een Infrastrukturen eréischt nodréiglech baut, dann hätte vill Leit sech hir Mobilitéitsgewunneschte schonn ugewinnt. Dës kéint ee sech net méi sou séier ofgewinnen.

Op der Aler Bréck géif gläichzäiteg mat den Aarbechten ugefaange ginn, déi mat deene vun der neier Avenue zesummenhänken, wou den Tram Zukunft wäert fueren. An Zukunft solle keng Busser méi an der Neier Avenue fueren. Fir datt de Garer Quartier awer nach mat der Uewerstad verbonnen ass, wäerten d'Busser méi spéid a béid Richtungen iwwert déi Al Bréck fueren, seet de Christophe Reuter.

Eng wichteg Bréck muss och fir Vëloen accessibel sinn

Esou eng wichteg Breck, misst och fir de Vëlostrafic befuerbar sinn. Dowéinst hätt een d'Piste op där Plaz méi breed gemaach, fir datt souwuel Foussgänger, wéi och Vëlofuerer méi einfach laanschtenee géife kommen.

"Dann ass och op där Bréck jiddwereen op senger Plaz - da kommen op déi eng Richtung nach Autoen doriwwer, wéi elo schonn, an d'Zukunft a béid Richtungen déi städtesch Bussen an a béid Richtunge separat vum motoriséierten Trafic Vëloen an natierlech op all Säit vun der Bréck weiderhi Foussgänger. Déi Al Bréck misst awer net zousätzlech gestäipt ginn, betount de Christophe Reuter. Ponts et Chaussées hätt ausgerechent, datt d'Bréck déi zousätzlech Spuer ouni Problem géif packen, well d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer net an d'Gewiicht géife falen.

Fir d'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ war et ëmmer wichteg, datt d'Verbindung op der Aler Bréck géif bestoe bleiwen, seet de Philippe Herkrath. Do géif et momentan schonn eng Vëlospist ginn, déi vum Trottoir getrennt ass. Dat wier aus senger Siicht eng gutt Solutioun. D'Lëtzebuerger Vëlosinitiativ hätt sech och ëmmer nees fir eng Vëlosspuer op der Bréck agesat.

"Wichteg, fir Verkéiersinfrastrukturen am Viraus ze plangen"

Wann déi geplangte Vëlospist bis op d'Gare fäerdeg ass, wier nach eng direkt Verbindung bis op den Houwald geplangt. Dat wier awer nach net a ganz dréchenen Dicher, well verschidde Saachen tëscht der Staat an dem Stad misst gekläert ginn. Op alle Fall wier de Lëtzebuerger Vëlosverband an de Verkéiersverbond frou, wann dës Pist géif realiséiert ginn, seet de Gilles Dostert, Generaldirekter vum Verkéiersverbond.

Et wier "nëmme richteg", datt den Houwald mat ugebonne gëtt, och wann en eigentlech zu der Gemeng Hesper géif gehéieren. Vill Leit géifen do wunnen a spéider eventuell am neie Quartier op der Cloche d'Or schaffen. Et wier gutt, déi néideg Verkéiersinfrastrukturen elo scho mat ze plangen, fir datt net dono "Saache mussen dobäi gefléckt ginn", sou de Gilles Dostert.

Déi ganz Aarbechte ronderëm den Tram an déi nei Vëlospist sollen am Hierscht ufänken. Den Infrastrukturministère verséchert, datt d'Cycliste wärend den Aarbechten um Chantier weiderhin e gudden Accès an d'Stad respektiv op d'Gare géifen hunn. Ob dat funktionéiert, bezweifelt d'Vëlosinitiativ.