Energiepolitik Nei Subventioune fir erneierbar Energien
Den Undeel un erneierbaren Energien am gesamte Konsum läit aktuell zu Lëtzebuerg bei 6,4 Prozent. D'Zil ass et bis 2020 eelef Prozent ze erreechen. Wand- a Solaranlage solle massiv ausgebaut ginn. Iwwer ee Règlement grand-ducal ginn nei Moossnamen ergraff fir d'Photovoltaik kënnen ze fërderen.
Am Beräich vun der Solarenergie ginn et scho Bäihëllefen, engersäits Subventioune fir d'Apparater selwer, déi ginn elo fir kleng Unitéiten ëm 13,6 Prozent an d'Luucht. D'Aspeis-Primm gëtt nogebessert.
Dee méi gënschtegen Tarif, dee fir kleng Anlage vu bis zu zéng Megawattstonne virgesinn ass, kritt een an Zukunft bei Solaranlage mat enger Capacitéit vu bis zu 30 Megawattstonnen. D'Capacitéit kann een nodréiglech ausbauen, esou den DP-Deputéierte Max Hahn.
Iwwerdeems gëtt d'Aspeis-Primm fir Anlage vu bis zu 500 Megawattstonne méiglech. Bis elo louch d'Limite bei 200 Megawattstonnen. Déi nei Hëllefe gi réckwierkend op den 1. Januar 2019 applizéiert.
Waasserkraaft ënnerstëtzen
De Claude Turmes bedauert, datt d'EU-Kommissioun géint d'Subventionéierung vun de Waasserkraaftwierker ass. Déi Lëtzebuerger Anlage krute bis elo keng Bäihëllefen, mee de Minister wollt och do Fërdermoossname virgesinn.
De Sträit mat der EU-Kommissioun wier net geléist ginn, mee de Claude Turmes wéilt zesumme mam spueneschen a mam franséischen Energieminister probéieren nach eng Kéier mam Jean-Claude Juncker ze schwätzen. "Och Waasserkraaft ass eng erneierbar Energie. A wa se dobaussen um Marché net genuch kréien, da musse mir hinnen ënner d'Ärem gräifen."
EU-Kommissioun limitéiert Aspeis-Primm op 15 Joer
Kontraproduktiv fënnt d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen, datt d'EU-Kommissioun d'Ausbezuele vun der Aspeis-Primm op 15 Joer limitéiert. Dëst wier net am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft. "Wann d'Anlag nach funktionéiert a se ass net méi rentabel, da gëtt an eng nei Anlag investéiert. Domadder produzéiere mir eigentlech Offall, dee mir u sech net brauchen."
D'Martine Hansen hofft, datt d'Verhandlungen erëm kënnen opgeholl ginn, an datt dës Zäit ka verlängert ginn. Eng Léisung soll et bannen deenen nächste Méint ginn, seet de Claude Turmes.
Iwwer dat Gesetz wëllt den Energieminister iwwerdeems de Konsum vun der eegener Stroumproduktioun begënschtegen. Fir den Ament verkeeft ee seng Produktioun u Creos, deen engem dann erëm Stroum liwwert. Fir deen Intermediaire bei Eegekonsum ze verhënneren, soll am neie Gesetz eng Léisung fonnt ginn. De Gesetzesprojet kéim bannen deenen nächsten zwee Méint. An Zukunft wäert et och méiglech sinn, datt e puer Anlagen un engem eenzegen Transformator ugeschloss ginn.
An enger Etüd vun der EU-Kommissioun ass Lëtzebuerg mat 6,4 Prozent op der leschter Plaz, wat erneierbar Energie ugeet. Schwede läit op éischter Plaz mat 54,5 Prozent, den EU-Duerchschnëtt läit bei 17,5 Prozent.