Energie Nei Strategie fir de Secteur vum Biogas

Beim Ausbau vun den alternativen Energieressourcë soll Biogas an Zukunft eng méi wichteg Roll spillen. Zwar funktionéiere schonn zënter Joren eng ganz Rei vun Anlagen hei am Land, déi sinn awer vun der Rentabilitéit hier un hir Limitte komm.

Jacques Ganser / cz

Aerial view to biogas plant from pig farm in green fields. Renewable energy from biomass. Modern agriculture in Czech Republic and European Union.
Foto: Bigstock / Nelia2

Lauschteren


Nach an den nächste Woche wëllt den Energieminister Claude Turmes dofir eng nei Strategie fir de Biogassecteur virleeën. Déi aktuell 20 Anlagen déi lokal oder regional bedriwwe ginn, produzéiere momentan nëmmen 3,7 Prozent vum Gesamtstroum aus erneierbare Quellen an eng sechs Prozent vun der Hëtzt aus dëse Sourcen. Den Undeel soll an den nächste Joren däitlech klammen. Parallel soll duerch finanziell Ureizer bis zu 90 Prozent op Gülle, also Piff gesat ginn. Doduerch gëtt den Undeel vun Energieplanze wéi Mais reduzéiert. De Jean Schummer, Gerant vu enger Groussanlag zu Jonglënster, huet do awer gewëss Bedenken.

Hien ënnerstëtzt wuel d'Initiativ vum Ministère fir 90 Prozent vum Piff sënnvoll virun ze verwäerten, hie mécht sech just Suergen ëm déi néideg Investitiounskäschten.

Villsäiteg Ressource

Fir datt d'Produktioun rentabel bleift, wëllt den Energieminister dann och d'Tariffer fir den agespeiste Stroum a Gas eropsetzen. Nieft der renger Energieproduktioun hunn dës Anlagen nämlech nach eng Rei aner Virdeeler. D'Biogas géif mëttlerweil net just als Energiequell genotzt ginn, mee och als fir Wäermt ze produzéieren.

"... well mer jo och eng Rei Wärmenetzer hunn zu Réiden, zu Biekerech, zu Jonglënster a wou mer mat Biogas gutt Haiser an och Halen hëtzen. Mir maachen et awer och wéinst dem Klimaschutz, well mer dann an der Landwirtschaft Methanemissioune reduzéieren a mir maachen et wéinst dem Waasserschutz."

Bis zu 50 Prozent vum Piff deen am Land ufält soll esou a Energie an Dünger ëmgewandelt ginn, bis 2030 kéinten da bis zu 330 Gigawattstonnen d'Joer produzéiert ginn.

Méi zum Thema

Fëschstierwen un der Attert
Ëmwelt

No der Pollutioun vun der Atert duerch e Brand an enger Biogasanlag an der Belsch huet d'Sportfëscher-Federatioun e "massiivt Fëschstierwen" op enger Streck vun e puer Kilometer hei am Land fest gestallt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen