René Steinhaus Nei Schnelltester um Findel

D'Coronavirus-Tester sinn dëst Joer ee feste Bestanddeel an der Loftfaart. Aus deem Grond huet Lux-Airport eng nei Méiglechkeet ugebuede fir am Virfeld vun all Rees um Findel sech testen ze loossen. Dräi verschidde Coronavirus-Tester gi fir ënnerschiddlech Situatioune proposéiert.

Carole Schimmer / tt

René Steinhaus
Foto: Archiv

Lauschtert de Bäitrag hei


De Schnelltest, wou d'Resultat bannent enger hallwer Stonn garantéiert ass, kascht 79 Euro. Fir ganz presséiert Passagéier kritt ee fir 169 Euro den Express-PCR Test mat engem Resultat bannent 12 Stonnen a mam normale PCR-Test, deen 119 Euro kascht, kritt een d'Resultat bannent engem Dag, erkläert den Direkter vun der Fluchhafeverwaltung Lux-Airport, de René Steinhaus.

Lux-Airport assuréiert Logistik an d'Laboen d'Tester

D'Fluchhafeverwaltung schafft mat de Laboratoiren zesummen, déi zu Lëtzebuerg geneemegt sinn an déi eng grouss Erfarung beim Covid19-Test hunn. De René Steinhaus präziséiert:

"Mir maache jo zanter Mee d'lescht Joer schonn um Flughafe PCR-Tester an déi ginn all vu medezineschem Personal duerchgefouert. Dat heescht mir als Flughafe maachen d'Logistik an d'Laboratoirë féieren d'Tester duerch. Nëmmen déi gi vun de Länner och unerkannt, wann een esou een Test bei der Arees muss virweisen."

Keng eenheetlech Standarden an der EU

D'Loftfaart grad ewéi d'Fluggesellschafte wiere frou wann et an Europa een eenheetleche System géif ginn deen déi selwecht Standarde géif festhalen, betount de René Steinhaus.

"A jiddwer Land ginn et ënnerschiddlech Virschrëften, déi sech och nach zu all Ament kënnen änneren, sou datt d'Reesender sech onbedéngt sollen am Virfeld vum Flug op den offizielle Säite vun den Zillänner a Fluggesellschaften informéieren."

Méi zum Thema

Luxair November 2020
Vakanzen

Mat LuxairTours sinn de Weekend ronn 1.500 Clienten an d'Vakanz geflunn, esou de Chef vu LuxairTours Alberto Kunkel. Déi zéng Flich gëschter an e Samschdeg wieren zu 90 Prozent ausgelaascht gewiescht.

Findel Terminal B
Aviatioun

Am Dezember 2020 gouf et fir d'Luxair e Peak vu Last-Minute-Reservatiounen, mee alles an allem huet d'Airline am Pandemie-Joer Plomme gelooss. Zuelen, déi sech och an den Zuele vum Flughafe erëmspigelen.

Findel
Tourismus

Trotz der Saison ass um Findel net vill lass. D'Zuel vu Passagéier läit wäit ënner deenen anere Joren. Och d'Offer, fir sech beim Retour op Covid-19 testen ze loossen, gëtt kaum genotzt.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen