D'Decisioun en negative Corona-Test vu Fluchpassagéier ze froen, wier ënner anerem op den Drock vun aneren europäesche Länner zeréckzeféieren. De François Bausch huet awer betount den Drock vu bausse wier net decisiv gewiescht.
Lëtzebuerg wëll d'Grenzen net zoumaachen
D'Areesreegele wieren hei zu Lëtzebuerg och weiderhi bewosst manner streng ausgeluecht wéi a verschiddenen anere Länner, esou de François Bausch:
"Mir setzen eis a fir oppe Grenzen, a mir wëllen dat net maachen, well mer och einfach net dru gleewen, datt dat innerhalb vun der EU iergendeppes wäert verhënneren. An d'autant plus: Mir hunn als Lëtzebuerg einfach eng oppen Ekonomie, wéi keen aneren an Europa. Dat wier absolut fatal, wa mir dat géife maachen."
Et wéilt een d'Leit net harceléieren, an dofir géifen d'Grenz-Kontrolle fir den Autosverkéier net verschäerft ginn.
Fluchverkéier: Eng oppen Dier
De Findel wier awer eng besonnesch sensibel Struktur, an dowéinst wieren do am Moment méi streng Mesuren ubruecht:
"Mir hunn awer do Saache festgestallt, wéi datt zum Beispill Famillje komm sinn, wou d'ganz Famill infizéiert war. Déi hu mer du Gott sei Dank erausgefëscht kritt duerch d'Schnelltester."
De Fluchverkéier wier "déi eenzeg wierklech Dier, déi mir (zu Lëtzebuerg) no baussen hunn", och iwwer d'Grenze vun der EU eraus, esou de Mobilitéitsminister.
Hie selwer wéilt an deenen nächste Méint net verreesen.