Neibau a Sanéierung Méi Natur, manner Styropor

Zanter Uganks des Joers ginn et déi nei Prime House fir de Neibau a fir d’Albausanéierung. Déi Hëllefe goufe reorientéiert an hänken elo dervun of ob een nohaltegt Baumaterial notzt. Een Update.

Carole Schimmer / ckl

Nohalteg Bauen
Nohaltegt Bauen geet vun der Façade bis bei d'Faarwen (Foto: Bigstock)

D’Nohaltegkeet am Bau huet vill Facetten: d'Energieeffizienz, d'Aart a Weis wéi een Hëtzt oder och awéiwäit een Haus oder een Appartement fir all Situatioun am Liewen adaptéiert ass – am Fall vun enger Behënnerung oder wëll ee méi al gëtt.

Et geet awer och drëms ze kucken awéiwäit een Terrain optimal genotzt gëtt, fir global manner Natur ze zerstéieren, an ëm d’Fro vun der Mobilitéit oder de sozialen Ariichtungen an der Ëmgéigend.

Fir unzefänken: Ee komplette Rapport iwwer d'Haus

De Lëtzebuerger Nohaltegkeetszertifikat – Lenoz genannt – kuckt all déi Aspekter, déi a sechs Kategorië mat am ganzen 143 Kritären opgedeelt sinn. Déi nei Prime House déi ee ka kréie fir de Neibau oder fir d’Albausanéierung iwwerhëlt Aspekter vun der Lenoz-Zertifizéierung.

Fir all Projet muss een awer een agrementéierte Beroder u Bord huelen. Deem seng Käschte gi bis zu 2.200 Euro subventionéiert. "Ouni agreéierte Beroder kann ee keng Prime House fir d'Sanéierung ufroen. An et muss een sech virun den Aarbechten un een Energieberoder wenden, deen dann och ee komplette Rapport iwwer d'Haus mécht", erkläert De Bruno Barboni, zoustänneg bei myenergy fir d’Berodung vu Privatpersounen. Iwwert dee Rapport kéinten dann déi gréisste Schwaachstellen am Haus identifizéiert ginn, sou de Beroder.

Ass de Parquet FSC-zertifizéiert?

Bei der Prime House mécht een een Ënnerscheed tëscht dem Neibau an der Albausanéierung. Beim Neibau si 46 Lenoz-Kritären determinant fir d’Subventioun festzeleeën, déi bei maximal 24.000 Euro läit. Et sinn déi Elementer op déi de Bauhär och een Afloss kann hunn. De Bruno Barboni vu myenergy nennt do d'Beispill vun der Energieeffizienz vum Haus oder de Materialien déi am Bannenausbau genotzt ginn. "Do geet et drëm, ob de Parquet zum Beispill eng FSC-Zertifizéierung huet, oder op d'Faarwen mat deenen ugestrach gëtt, de 'bloen Engel' hunn". Donieft spillt och d'Zertifizéierung vun den Entreprisen um Chantier eng Roll.

Fir all Kritär ginn et eng Unzuel u Punkten an et muss ee 60 Prozent vun der Tabell erreeche fir an de Genoss vun enger Primehouse-Subventioun ze kommen.

Méikäschte vu nohaltege Materialie gedeckt

D’Albausanéierung gëtt weiderhi finanziell ennersetzt, nieft dem Klimabank-Prêt zu gënschtege Konditiounen, ginn nohalteg Baumaterialie verstäerkt subventionéiert. "Wann een zum Beispill d'Baussewand vun engem Haus isoléiert, da kritt ee pro Meter Carré ee Basismontant, deen sech net geännert huet. Et kritt een awer elo ee Bonus wann een nohalteg Materialie benotzt, a wann een déi Materialie mechanesch fixéiert, sou datt se méi spéit nach eng Kéier kënnen demontéiert ginn", erkläert de Bruno Barboni.

D'Bonussen, déi elo nei virgesi sinn, kéinten d'Méikäschten decken, déi duerch nohalteg Materialien entstinn, sou den Energieberoder.

Liewenszyklus vun engem Baumaterial

Am Oekozenter kann een och eng Berodung kréien bei der Bauplanung. Thematiséiert gouf bis elo virun allem d’Energieeffizienz, manner awer d’Natur vum Material.

Wichteg ass et ze kucke wéi de Liewenszyklus vum Baumaterial ass an ob deen och séier z’entsuergen ass. "An et ass och wichteg ze kucken, wéi vill Energie an de Materialie stécht, duerch hir Produktioun a wat fir Auswierkungen d'Produktioun op d'Ëmwelt hat a wéi nohalteg sinn se a Saache Liewensdauer a Recycling", seet d’Thekla Kirsch vun der Bauberodung am Oekozenter.

Styropor: Regelméisseg Renovatioun néideg

Als bekannt problematesch gëllt an deem Kontext de Styropor, deen dacks benotzt gëtt als Material fir d’Façaden ze dämmen. Dat seet och de Stephan Hain vun der Bauberodung am Oekozenter. Styropor wier einfach ze verschaffen, mee d'Ënnerhaltskäschten dovu wieren héich. "Well dem Styropor seng thermesch Mass kleng ass, hunn d'Façaden, déi domat gedämmt sinn, d'Tendenz Kondesat ze bilden, wou Algen a Mooss gutt drop wuessen. Doduerch mussen sou Façade regelméisseg renovéiert ginn", sou de Stephan Hain.

Biozider géint Algen a Mooss, déi an der Styroporswand verschafft sinn, géifen sech iwwerdeems auswäschen – duerch de Reen – an dann an d'Grondwaasser lafen, respektiv doheem an de Gaart. "An op d'Façade mussen se nei opgedroe ginn", gëtt de Stephan Hain ze bedenken. Den Energieberoder seet och, et d'Façadendämmung wier net dat Wichtegst um energieeffiziente Bauen. Méi relevant wier et, den Daach an d'Plafonge vum Keller ze isoléieren.

Mineralesch Materialien

Zum Styropor ginn et haut vill Alternativen. Zum Beispill eng Isolatioun aus mineraleschem Material. "Wann d'Baussemaueren aus mineraleschem Material sinn, da mécht och eng mineralesch Isolatioun Sënn, Steewoll mat mineraleschem Botz drop, zum Beispill" erkläert de Stephan Hain vum Oekozenter. Aner interessant Isolatiounsmaterialie sinn a sengen Aen Holzfaseren, Mineralschaumplacken, Kork oder Hanf.

Doriwwer eraus, misst een a der Albausanéierung den Ënnerscheed maachen ob een eng Dämmung op d’Façade wëllt pechen, oder uschrauwen, seet den Expert. Wann een eng Isoléierung uschrauft, kéint ee méi nohaltegt Material asetzen, doduerch datt d'Konstruktiounen dann "demontabel" ginn.

Kee Präis-Argument méi fir Styropor

Wéi awer ass et mam Präis? Den Oekozenter huet eng Opstellung gemaach vun de Budgeten déi ee fir den Asaz vu verschiddene Matièrë brauch. Dëst war och d’Grondlag fir déi nei Prime House auszerechnen. "D'Iwwerleeung war, fir bei der Prime House, d'Differenz vun den nohaltegen Dämmstoffer am Verglach mat enger klassescher Isolatioun, wéi dem Styropor, opzefänken. Dat soll net méi d'Argument si fir weider mat Styropor ze dämmen", sou d'Thekla Kirsch vum Oekozenter.

De Guichet unique deen elo agesat gouf, kann iwwregens ee Pre-accord maachen an d’Primme kéinten och méi séier ausbezuelt ginn, heescht et. Eng gratis Berodung kann ee souwuel bei Myenergy kréie wéi och beim Oekozenter.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Bauschuttdeponie
Deponien zu Lëtzebuerg

Déi eelef Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg géifen net duer goen, soen d'Entrepreneuren. Et wiere méi Dechargen a besser geografesch Lagen néideg, fir datt de System optimal géif funktionéieren.

Klimabank Pressekonferenz
Logement

De Projet Klimabank gouf vun der Regierung finaliséiert. Och d’PRIMe HOUSE fir d'Sanéierung a fir energieeffizient Baue gouf fundamental ofgeännert. Hei gëllen nei Nohaltegkeetscritèren.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen