Geschriwwe Press zu Lëtzebuerg Nei Pressehëllef wäert Repercussiounen hunn

Pressevertrieder begréissen d'Pläng fir déi nei staatlech Pressehëllef. De System, deen zanter iwwer 40 Joer gëllt, hätt net d'Qualitéit gefërdert, mee d'Quantitéit u gedréckte Säiten, esou de Constat an der Emissioun Riicht eraus.

Jean-Claude Franck

RER-Pressehëllef-Mike Koedinger, Josée hansen, Jean-Lou Siweck
Mike Koedinger, Josée Hansen a Jean-Lou Siweck

Déi vun der Regierung geplangte Reform soll d'Unzuel u Journalisten an de Redaktioune subventionéieren (55.000 Euro pro Journalist mat enger Pressekaart). "Wa mer déi Sue kréien, wëlle mer méi astelle fir méi Qualitéit ze maachen", esou de Mike Koedinger, Haaptaktionär vu Maison Moderne. Seng Redaktioune wieren ënnerbesat, an d'Aarbechtslaascht wier héich.

Maison Moderne ënner de Gewënner

Den Editeur krut bis 2017 guer keng Pressehëllef. Zanterdeem kritt d'Editiounshaus fir Paperjam an Delano eng Onlinehëllef vun am Ganzen 200.000 Euro. Mat der reforméierter Pressehëllef a mat de Montanten, déi am Avant-projet de loi vum Medieminister Xavier Bettel (DP) stinn, kéint Maison Moderne op Subventiounen an Héicht vun iwwer 1,5 Milliounen Euro kommen, huet de Mike Koedinger confirméiert.

Och d'Gratiszeitung L'essentiel wäert vun der Reform profitéieren, well d'Gratispress bis elo vun der Pressehëllef ausgeschloss war, an Zukunft awer soll eligibel sinn.

"Mécht et méi einfach sech unzepassen"

"Vun alle méigleche Weeër ass den ugeduechte Krittär vun der Unzuel u Pressekaarten an de Redaktioune warscheinlech dee Beschten", esou de Jean-Lou Siweck, Direkter vun Editpress, Editeur vum Tageblatt a Co-Aktionär vu L'essentiel. Wann d'Zeitunge wëllen nei Lieser gewannen, misste se ophale vill ze produzéieren, mee och mol de Courage hu méi opwändeg Recherchen um Terrain ze maache fir Plus-valuen ze schafen. Den aktuelle System, an deem de Volume u gedréckte Säiten ënnerstëtzt gëtt, géif et méi schwiereg maache fir sech unzepassen.

D'Pressevertrieder si sech awer eens, datt de Presserot an Zukunft bei der Attributioun vu Pressekaarte méi Responsabilitéit huet, well direkt staatlech Gelder drun hänken. Do muss ee sech nei Reegele ginn, esou ënner anerem d'Josée Hansen, Chefredactrice vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land.

De Jean-Lou Siweck mengt, ouni Pressehëllef wier zu Lëtzebuerg Plaz fir 1-2 Dageszeitungen an eng Gratiszeitung. Lëtzebuerg wier e klengen Zeitungsmarché, deen et schwiereg géif maachen, finanziell iwwer d'Ronnen ze kommen, esou de Message vun der Josée Hansen.

Manner Sue fir de Lëtzebuerger Journal?

Allerdéngs kéint déi DP-no Dageszeitung Lëtzebuerger Journal vun der geplangter Reform benodeelegt ginn. "Ech géif et extrem komesch fannen, wa just ënner enger liberaler Regierung déi liberal Zeitung géif verschwannen. Sou datt ech schonn denken, datt iergendeen am Ministère sech dem Lëtzebuerger Journal wäert erbaarmen." Et wier evident, datt d'Reform wäert Repercussiounen hunn an engem scho schwierege Kontext. Do kéint d'Regierung nach géigesteiere fir deene klengen Zeitungen e bësse méi Subventiounen ze ginn, fir datt se net verschwannen. Diversitéit wier wichteg.

E Problem fir d'journalistesch Onofhängegkeet gesäit d'Land-Chefredactrice net: Et sinn net dem Minister seng Suen, mee dem Steierzueler seng, esou d'Josée Hansen.

Maximal 12 Milliounen

2018 huet de Staat eng direkt Pressehëllef an Héicht vu ronn 8,2 Milliounen Euro ausbezuelt. Mam neie Regime wäerte méi Acteure kënnen an de Genoss vun de Subventioune kommen: den ale Regime hätt probéiert de Status Quo ze verteidegen. Den neie Regime géif et méi einfach maache fir nei Acteure fir drënner ze falen, esou de Message vum Jean-Lou Siweck.

Den Avant-Ppojet de loi vum Medieministère, deen nach an der Diskussioun ass, gesäit e maximale Plaffong vun 12 Milliounen Euro d'Joer vir. Gëtt deen iwwerschratt, soll d'Pressehëllef pro Redaktioun proportionell reduzéiert ginn. De Prinzip vun engem maximale Plaffong ass ee vun de Punkten, iwwer dee verschidde Medienhaiser nach wëlle mat der Regierung diskutéieren.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Jean-Claude Franck
Lauschteren

Méi zum Thema

Online Pressehëllef
Pressehëllef

D'Aarbechten un der Reform vun der staatlecher Pressehëllef sinn op der leschter Ligne droite. D'Zuel vu Journaliste gëtt den zentrale Krittär, et geet also net méi ëm d'Quantitéit Pabeier, dee bedréckt gëtt.

Ines Kurschat
Pressehëllef

Der Regierung hiren Entworf fir d'Reform vun der Pressehëllef wier eng "intelligent" Léisung, seet d'Ines Kurschat, Presidentin vum Presserot. D'Editeure sollen ë. a. e Formatiounsplang op den Dësch leeën.

Illustratioun Pressehëllef 3
Pressehëllef

Fir déi staatlech Pressehëllef sinn am Budgets-Projet 2019 manner Sue virgesi wéi fir d'Joer 2018. Knapps eng Véirelsmillioun Euro soll dës "Promotion de la presse écrite" de Staat dëst Joer manner kaschten. Firwat ass dat esou?

D'Medielandschaft zu Lëtzebuerg Exklusiv
Pressehëllef

Maximal 1,6 Milliounen Euro u Pressehëllef kann ee Medium an Zukunft vum Staat accordéiert kréien, wa bestëmmte Konditiounen erfëllt sinn. D'Editeure fuerderen ee méi präzisen Text.

Verschidde Presseoranger Exklusiv
Verschidde Sockelen

An Zukunft soll d'Zuel vun de Journalisten de Kritär fir d'Héicht vun der Pressehëllef sinn. Dat gesäit den Avant-Projet de loi vir, deen dem radio 100,7 virläit. Et soll awer kee manner kréien.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen