Wunngemeinschaften Nei Colocatiouns-Reegelen zu Esch "sinn illegal"

Am neie PAG vun der Stad Esch ass virgesinn, WGen an Eefamilljenhaiser méi streng ze reegelen. D'Vera Spautz ass der Meenung, datt dat net an e PAG gehéiert. Si geet dovunner aus, datt Juristen de Buergermeeschter dorop opmierksam gemaach hunn.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Vera Spautz
D'Vera Spautz ass fréier LSAP-Buergermeeschtesch a mëttlerweil Gemengeconseillère vun der Stad Esch. Foto: Archiv

Am neien allgemenge Bebauungsplang vun der Gemeng Esch ass virgesinn, Wunngemeinschaften an Eefamilljenhaiser streng ze limitéieren. D'LSAP-Gemengeconseillère Vera Spautz ass der Meenung, datt esou eng Reegel net géif an e PAG gehéieren. Si geet dovunner aus, datt Juristen den CSV-Buergermeeschter Georges Mischo am Virfeld dorop opmierksam gemaach hätten.

Kritik un der Rhetorik

D'Vera Spautz kritiséiert och d'Rhetorik vum Georges Mischo: et géif ganz bewosst Konfusioun gemaach ginn an alles an een Dëppe geheit ginn.

"An déi Impressioun verstäerkt sech nach méi, wann esou Aussoe komme wéi - an dat ass eng ganz fuerchtbar Rhetorik, déi do gebraucht gëtt - "mir wëlle Wunngemeinschaften net verbidden, mee reguléieren", "mir wëllen, datt Communauté domestiquen do dra kommen". Déi Aussoen, déi waren erschreckend."

Eng Communauté domestique ass am Reglement definéiert als Familljen als Leit, déi e "Lien affectif" hunn. D'Vera Spautz kritiséiert och hei d'Wiel vun de Wieder vum Georges Mischo, hien hat vu Leit, "déi matenee ginn", geschwat. "Wat ass dat fir eng Rhetorik?", freet sech d'Vera Spautz.

"Mee awer och déi Rhetorik ze soen, wa mer et net esou streng reguléieren, dann ass zu Esch d'Anarchie. D'Anarchie. Wat ass dat fir eng Aart a Weis déi ënnerschiddlech Wunnformen, déi sech mëttlerweil ëmmer méi entwéckelen - wat och gutt a richteg ass - fir déi Leit esou ze tituléieren, déi an enger WG wëllen zesummewunnen."

Ier datt den neie Bebauungsplang a Kraaft trëtt, muss de Gemengerot en an engem zweete Vott guttheeschen. De Buergermeeschter Georges Mischo huet sech scho bereet erkläert virun deem Vott nach Upassungen um Plang ze maachen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Henri Kox
Logementsminister

U sech gëtt et keen Argument géint Wunngemeinschaften an Ee-Familljen-Haiser, seet de Logements-Minister. Et wier kloer, datt de Loyer an der Zomm bei e puer Locatairen net méi héich dierft sinn, wéi wann d'Haus als e Ganzt géif verlount ginn.

Georges Mischo
No Kritik um Bebauungsplang

Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) ass eventuell bereet am neie PAG op eng Reegelung vun de Co-Locatiounen ze verzichten. D'Gemeng kéint dat och am Bautereglement reegelen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen