Kritik vum OKAJU Nei Alphabetiséierungsklassen fir mannerjäreg Refugiéen

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kritiséiert, datt opmannst 45 onbegleete Mannerjäreger ënner 16 Joer - dovunner siwe Schoulflichteger - net an d' Schoul kéinte goen, obwuel dat hire Wonsch wier. No Ouschtere sollen elo fënnef weider Schoulklasse fir mannerjäreg Refugiéen Land opgoen, seet den Educatiounsministère.

Maxi Pesch / sos / cz

Illustratioun jonk Refugiéen
Foto: Bigstock / maxim ibragimov

Lauschteren


Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit bedauert, datt et net genuch Alphabetiséierungsklasse gëtt, an déi allengreesend mannerjäreg Refugiéen awer dacks dohin orientéiert ginn. Dës Alphabetiséierungsklasse géifen och nach nëmmen op zwou Plazen am Land ugebuede ginn. Dat wier eng zousätzlech Erausfuerderung fir déi Jonk, déi op dezentrale Plazen am Land a Foyere wunnen an net alphabetiséiert sinn.

Nei Alphabetiséierungsklass am Norden

De Chef vun der Integratiounsdirektioun am Educatiounsministère Pierre Reding confirméiert, datt et net genuch där Klasse gëtt. Deemno soll no Ouschteren eng zousätzlech Alphabetiséierungsklass am Norde vum Land opgemaach ginn, fir deene Jonken, déi méi dezentral logéiert sinn, d'Weeër ze verkierzen. Op déi Manéier géif een och erëm Sputt am Zentrum kréien.

Niewent der zousätzlecher Alphabetiséierungsklass soll och d'Schouloffer fir alleguer d'Refugiéen ausgebaut ginn. Geplangt sinn zwou weider normal Accueilsklassen am Zentrum an zwou Klasse fir jonk Refugiéen tëschent 16 an 18 Joer am Zentrum an am Norden. Alles an allem solle vun Abrëll un 62 Kanner a jugendlech Geflüchteter do ageschoult ginn, seet nach de Pierre Reding.

Sproochebarrièren duerchbriechen

Eng weider Kritik vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher ass, datt net genuch Ausbildungsklassen op Franséisch oder Englesch ugebuede géife ginn. Och hei soll eng Neierung kommen, seet de Pierre Reding. Wärend bestëmmte Stonne soll een zweeten Enseignant dobäi sinn, dee sech méi op d'Léiere vun der neier Sprooch konzentréiert.

Dës Method hätt sech dem Pierre Reding no am Ausland bewisen. Den Institut national des Langues soll elo deementspriechend Enseignanten dofir ausbilden. Déi Ausbildungsklass soll da vun der nächster Rentrée un ugebuede ginn, heescht et nach aus dem Educatiounsministère.

Méi zum Thema

Illustratioun Refugiéen
Encadrement vu Refugiéen

D'Caritas an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kritiséieren d'Situatioun an engem Foyer fir jugendlech Flüchtlingen an der Stad. Och wa bei der Finanzéierung nogebessert gi wier, kéint kee korrekten Encadrement garantéiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen