Relatiounen tëschent EU an NATO NATO-Sommet: China wier en Defi

Um NATO-Sommet zu Bréissel hunn déi 30 Staats- a Regierungscheffen deklaréiert, datt China eng konstant Menace fir d'Sécherheet ass. De staarke Langage vis-a-vis vu Peking refletéiert dem US-President Joe Biden säi Message, deen hie wärend senger éischter Europarees ëmmer nees benotzt huet. D'NATO-Memberlänner hu gëschter och Russland ferm kritiséiert. Et war den éischte Sommet vun der transatlantescher Allianz vum Biden.

Philip Crowther (Bréissel) / cbi

Jens Stoltenberg a Xavier Bettel
Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg an de Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel

De ganzen Interview mam Xavier Bettel lauschteren


Och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet sech nom NATO-Sommet zefridde gewisen. Zefridden, datt den Donald Trump fort ass an datt mam Joe Biden nees en US-President do ass deen d'NATO net ugräift a si als essentiell Allianz vun den USA ugesäit. Et fillt sech dach anescht un, seet de Xavier Bettel am Interview zu Bréissel.

"Jiddweree seet "America is back", Amerika war ni fort, mee ech mengen, et gëtt méi einfach. Dat ass awer eng Tatsaach."

D'Reunioun vun der NATO wier "manner crispéiert" gewiescht, seet de Xavier Bettel. Um leschten EU-NATO-Sommet hätten et vill Krise ginn an et wiere souguer Interruptioune ginn. Eppes, wat ee virdrun net kannt huet. Et hätt een net gewosst, ob den Donald Trump géif bleiwen, oder net. "Dat heescht, et war awer eng Situatioun, déi méi crispéiert war wéi dat, wat mer haut erlieft hunn."

Nei Erausfuerderunge fir d'NATO

Dem Joe Biden seng Rees ass eng grouss Defense vun den traditionelle Partner an Alliéierten. Eng Woch laang, vum G7-Sommet zu Cornwall, iwwer dësen NATO-Sommet, bis zum d'Treffe mat der EU gesäit de Biden frou Gesiichter. Dat wäert e Mëttwoch manner de Fall sinn, mam Rendezvous mam russesche President Vladimir Putin.

D'NATO hätt nei Erausfuerderungen, seet den Joe Biden. Russland géif sech net ëmmer esou behuelen, wéi ee sech dat erhofft, an et géif och nach China ginn, esou den einfache Resumé vum US-President.

China a Russland also. Dem Vladimir Putin soll och op dësem NATO-Sommet e bëssen Angscht gemaach ginn. Virum Sommet huet den Joe Biden sech mat de Representante vun de baltesche Länner getraff, nees fir Solidaritéit vis-a-vis vu Russland ze weisen. Russland ass den Haaptfeind a gëtt am Communiqué vun de Staats- a Regierungscheffe schaarf kritiséiert.

Xavier Bettel: Den Dialog sichen

E Feind also vun der NATO? Dat gesäit de Xavier Bettel net esou. Den US-President Joe Biden géif de Vladimir Putin dës Woch nach zu Genève gesinn, an de Xavier Bettel hofft, "datt do eppes erauskënnt." Wichteg wier et fir d'Gespréich ze sichen, ënnersträicht de Lëtzebuerger Premier.

Et kéint nämlech net sinn, datt Europa jiddwereen als Feind géif bezeechnen, wärend den US-President mam Vladimir Putin eens gëtt. De Lëtzebuerger Staatsminister begréisst et deemno, datt den Joe Biden en éischte Schrëtt mécht a sech echangéiert. "An da kuckt een eben, fir aus där Situatioun erauszekommen."

China: méi wéi just Militär

Och China gëtt am Communiqué erwäänt, als Menace fir d'global Sécherheet. Mee China wëllen aner Länner, wéi Frankräich a besonnesch Däitschland och als Partner ugesinn.

De franséische President Emmanuel Macron ënnersträicht, datt d'NATO eng militäresch Organisatioun wier, déi fir den Nordatlantik zoustänneg ass - China hätt awer wéineg mam Nordatlantik ze sinn. D'Relatioune mat China géifen och méi wäit goe wéi just déi militäresch. De franséische President nennt als Beispill déi wirtschaftlech, strategesch, an technologesch Bezéiungen.

Cyberattacke géint d'NATO

Wärend senger Reunioun mat Generalsekretär vun der NATO, dem Jens Stoltenberg, huet den Joe Biden den Artikel 5 vun der NATO-Charta als helleg Obligatioun erwäänt. Dat heescht, datt e militäreschen Ugrëff op ee Memberland als Ugrëff op si alleguer ugesi gëtt an esou eng kollektiv Äntwert kann an d'Weeër leeden.

Nei ass, datt d'NATO elo och eng Cyberattack als esou en Ugrëff ugesäit. Dat ass e weidere Clin d'oeil u Russland, vu wou rezent Cyberattacken op amerikanesch Ziler gestart goufen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Den US-President Joe Biden mat senger Fra Jil Biden bei der Arrivé um G7-Sommet
EU-USA

Um EU-USA-Sommet soll eng nei Ära un Handelsrelatiounen tëschent deenen zwee agelaut ginn. Den Handelssträit, deen ënner dem Donald Trump eskaléiert war, ass awer och ënner dem Joe Biden net bäigeluecht.

Simone Beck Meenung
Fräie Mikro

Gëschter huet de President Biden seng grouss Europarees ugetrueden. Datt hie fir säin éischten Auslandsdeplacement Europa gewielt huet, huet eng staark Symbolkraaft.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen