Verteidegung NATO: Lëtzebuerg erhéicht Militär-Depensen däitlech

2016 hate Lëtzebuerg an Holland d'Initiativ MRTT - Multi Role Tanker Transport lancéiert, fir eng Flott vun NATO Fligeren ze kafen, déi aner Fligeren an der Loft mat Kerosin kënnen optanken. Déi europäesch NATO-Membere wëllen an deem Beräich manner vun den USA ofhängeg ginn.

Gilles Feith

Zanter dem Lancement vun där Initiativ hätt sech gewisen, datt dat eng "wierklech wäertvoll" Kontributioun wier, déi hëllefe géif d'NATO-Ziler ze erfëllen, seet de Gilles Feith, Coordinateur Général am Defenseministère. Dofir wäert Lëtzebuerg seng Dotatioun fir Fligeren ze kafen méi wéi verdräifachen - vun 172 op 598,4 Milliounen Euro - iwwer 30 Joer.

An Tëschenzäit hu véier aner Länner sech ugeschloss, dorënner d'Belsch an Däitschland. Déi sechs Länner wëllen zesummen op d'mannst aacht där Tank-Fligere vum Typ Airbus A330 MRTT kafen a bedreiwen. Déi éischt zwee sollen d'nächst Joer geliwwert ginn.

Méi Sue gëtt Lëtzebuerg och aus fir d'AWACS Iwwerwaachungsfligere vun der NATO. Dat präziséiert de Verdeedegungsminister an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. Déi aktuell Flott vu 14 AWACS Fligeren, déi ënner lëtzebuergeschem Fändel fléien, soll moderniséiert ginn. Fir eng Milliard US Dollar. De Minister preziséiert: Lëtzebuerg géif dësen Upgrade mat finanzéieren, zu 0,10 Prozent vun de Gesamt-Käschten - dat heescht, et wäert Lëtzebuerg eng Millioun US Dollar kaschten. D'AWACS Fligere sollen 2035 zeréckgezu ginn, wat dono kënnt, ass nach net gewosst, mee Lëtzebuerg wëllt weider eng wichteg Roll am AWACS-Iwwerwaachungsprogramm vun der NATO spillen, sou de Gilles Feith.

Momentan wier awer nach net kloer, ob ee weider op e Fliger géif setzen, oder ob zukünfteg bemannt oder onbemannt Dronen zum Asaz solle kommen. D'NATO Support an Procurement Agency, NSPA zu Capellen, géif momentan awer "ganz aktiv" dru schaffe fir ze determinéieren, wat den Nofolger vum AWACS-Fliger soll ginn, sou de Gilles Feith.

Méi zum Thema

Gilles Feith Exklusiv
Verdeedegung

De Gilles Feith wiesselt vum CTIE an de Verdeedegungsministère. Hie soll do Chef de cabinet vum François Bausch ginn a soll de Lien tëschent dem Verdeedegungs- an Ausseministère maachen.

E Leopard-Panzer bei engem Manöver zu Münster
EU-Budget

D'EU wëllt 1,8 Milliarden Euro d'Joer an ee Recherche-Fong fir d'Defense stiechen. D'Zesummenaarbecht tëscht Memberlänner soll verbessert ginn. D'EU ass an deem Prozess net transparent, soe Kritiker.

Stoltenberg + Mattis
NATO - USA

Den neien US-Defense-Minister James Mattis hat gefuerdert, datt d’NATO-Partner hir Militär-Budgete missten an d'Luucht setzen. D'Fuerderung vun den USA wier illusoresch, seet den Etienne Schneider.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Noriichten

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen