Ëmwelt- a Klimapolitikpolitik Nationalen Energie- a Klimaplang virgestallt
Nom Klimaschutzgesetz gouf de geplangten nationalen Energie- a Klimaplang presentéiert. Virgesinn ass ënner anerem eng CO2-Steier vun 2021 un. Duerch déi proposéiert Moossname sollen d'CO2-Emissiounen hei am Land bis 2030 ëm 55 Prozent reduzéiert a Lëtzebuerg bis 2050 klimaneutral ginn. D'Oppositioun huet awer no der Presentatioun vum Plang an der zoustänneger Chamberkommissioun ënner anerem kritiséiert, datt nach net genuch konkret Detailer géife virleien.
D'Deputéiert solle weider Detailer kréien iwwer d'Mesuren, déi e Freideg am geplangten Energie- a Klimaplang virgestallt goufen. Den David Wagner vun déi Lénk an de Paul Galles vun der CSV, hunn e Freideg kritiséiert, datt déi Detailer deen Ament nach ëmmer net do waren.
Den David Wagner mengt, datt een als Deputéierte sou net schaffe kéint, wann een d'Powerpoint-Presentatioun mol net am Virfeld geschéckt géif kréien.
Fir de Paul Galles ass dat "eppes, wat eis frustréiert, wat eis béis mécht, well mir wëlle gäre méi". Esou kéint een den Energie- a Klimaplang net "an de Grapp huelen", fir en ze kritiséieren an ze verbesseren.
Den Energieminister Claude Turmes léisst déi Kritik net gëllen: fir hie stelle sech aner Froen, ënner anerem, ob d'CSV fir eng CO2-Steier wier oder en neit Gesetz fir de Wunnengsbau wéilt. "Dat ass d'Fro, wou ech hoffen, datt mir eng Äntwert kréien", esou de Minister.
Verkaf vun Diesel soll erofgoen
Déi geplangte Moossname vum nationalen Energie- a Klimaplang viséieren d'Industrie, d'Gebaier, d'Land an d'Forstwirtschaft, den Offall an d'Ofwaassergestioun an den Transport. Dee verursaacht mat ronn 65 Prozent dee gréissten Deel vun den CO2-Emissiounen hei am Land.
Dofir soll dem Klimaplang no zum Beispill d'Vente vun Diesel - ënner anerem u Camionneuren - reduzéiert ginn. Dat wier déi eenzel gréisste Moossnam hei am Land fir de Klimaschutz, esou den Energieminister Claude Turmes. Klimaschutz kéint zu Lëtzebuerg net geléngen, wann esouvill Quantitéite vun Diesel u Camione verkaf géif ginn. "A vun dohier musse mir do agéieren, a mir wäerten dat och ganz geziilt maachen."
Cibléiert Moossnamen dofir sinn am geplangten Energie- a Klimaplang net virgesinn. Allerdéngs huet de Claude Turmes eng Annonce iwwer eng méiglech Hausse vun den Accise fir de Januar ugekënnegt. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet bemierkt, datt ee sech misst bei der individueller Mobilitéit op eng Rei Steiererhéijungen astellen.
Ureizer fir Elektromobilitéit schafen
De Bensin- an Dieselverbrauch soll duerch eng Reform vun der Autossteier reduzéiert ginn, seet de Claude Turmes. Esou wéilt ee méi Ureizer schafe fir elektresch Autoen ze kafen, oder fir Autoe mat engem gerénge Verbrauch.
D'Elektromobilitéit ass fir d'ADR awer problematesch: fir d'Produktioun vun der Elektromobilitéit géifen an Afrika "massiv Mënscherechtsverletzunge" geschéien "duerch Kanneraarbecht an onméigleche Situatiounen", esou de Fernand Kartheiser.
Op de Bensin an den Diesel sollen - nieft dem Gas an dem Mazout - eng CO2-Steier ageféiert ginn. Déi soll am Kader vun der allgemenger Steierreform 2021 ageféiert ginn. De Startpräis géif fir d'Joer 2021 bei 20 Euro pro Tonn CO2 leien. Dat wier ee gudden Ufank, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Duerno misst ee kucken, wéi et weidergeet. "Wichteg war elo mol, datt mir wierklech och eng kloer Direktioun weisen."
Fënnef Euro pro Tonn CO2
Geplangt ass bis 2023 jeeweils eng Hausse vu fënnef Euro pro Tonn CO2. D'Steier soll reegelméisseg iwwerpréift an eventuell och ugepasst ginn. Mee wéi wierkt d'Steier sech konkret op d'Bierger aus? Den Energie-Minister Claude Turmes nennt dëst Beispill:
"Bei 20 Euro, wann ech 20.000 Kilometer fueren - wat net wéineg ass - mat engem Auto, deen elo net deen effizientsten ass (6,8 Liter pro 100 Kilometer), da ginn ech pro Mount keng 6 Euro aus. Et sinn am Joer 70 Euro."
D'Regierung geet dovun aus, datt d'CO2-Steier ronn honnert Milliounen Euro kéint abréngen. Déi eng Hallschent dovunner soll a Klimaschutzmoossnamen afléissen, an déi aner a sozial Kompensatiounsmoossnamen. Datt déi geplangt CO2 Steier sozial ofgefiedert soll ginn, wier fir d'LSAP besonnesch wichteg, esou de Georges Engel.
Och d'DP weist sech zefridde mam Klimaplang, sou de Max Hahn. D'Regierung wier sech eens ginn, an de Pak géif stoen. "Fir eis war kloer, datt all Mesure muss chiffréiert sinn, datt all Mesure muss op der enger Säit weisen, wat doduerch un CO2 agespuert gëtt, a wat kascht déi Mesure." Geene dat steet awer nach net fest.