BnL Nationalbibliothéik: Keen Datum fir Ouverture

Et ass weiderhin net gewosst, wéini déi nei Nationalbibliothéik um Kierchbierg hir Diere fir de Public wäert opmaachen. D'Direktesch vun der BNL, Monique Kieffer, wollt op Nofro hi kee festen Datum nennen.

Françoise Keller / cz

Bibliothèque nationale de Luxembourg
Bibliothèque nationale de Luxembourg

Déi nei Nationalbibliothéik hätt ursprénglech sollen Enn d'lescht Joer opgoen. Dëse Mount géif ee sech der Monique Kieffer no e puer Mol mam zoustännege Consortium vu Plënnerfirmen treffen, fir Detailaarbecht ze maachen.

Am Kader vun der Plënneraktioun ginn den Ament zum Beispill déi sougenannt Fonds non luxembourgeois gebotzt. Déi si vun e Méindeg u bis Mëtt Februar net disponibel. Haut ass de leschten Delai fir Dokumenter aus de betraffene Kollektiounen ze reservéieren.

Och d'Aarbecht fir ze assuréieren, datt déi ronn 50 Magasénger komplett dréche sinn, wier nach am Gaangen. D'Planungsaarbecht, wéi déi nei Bibliothéik beluecht soll ginn, wier allerdéngs bal ofgeschloss, esou nach d'Monique Kieffer.

Méi zum Thema

Valerija Berdi Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi wëllen déi verschidde Parteien d'Kultur geréieren? Wéi eng Plaz huet d'Kultur bei de verschiddene Parteien an op wéi enge Sujete läit de Schwéierpunkt? E Bléck an d'Wahlprogrammer.

Monique Kieffer
Nationalbibliothéik

D'Nationalbibliothéik soll d'Wëssen an alle Schichte vun der Gesellschaft fërderen. Dat seet d'Direktesch Monique Kieffer. Duerch dat neit Gebai um Kierchbierg soll d'BNL méi visibel ginn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen