Zentral Sujete bei enger Tripartite sollen d'Beschäftegung an d'Staatsfinanze sinn. Definitiv Entscheedung ob et zu enger Tripartite kënnt soll de Mëtteg am Regierungsrot falen. Duerno sollen et och Detailer ginn wéi eng Reegele fir d'Verlängerung vun der Kuerzaarbecht bis zum Enn vum Joer gëllen, nodeems et gëscht e prinzipiellen Accord tëscht Sozialpartner gouf. D'OGBL-Presidentin Nora Back huet sech zefridde gewisen datt d'Ministeren de Moie versprach hätten datt et keng Austeritéitspolitik soll ginn fir d'Finanzéierung vun de Krisemesuren.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Wirtschaft
|National Tripartite am Juli net ausgeschloss
OGBL, LCGB a CGFP ginn dovun aus, datt an der éischter Hallschent Juli eng national Tripartite ass. Dat hunn d'Vertrieder vun den dräi Gewerkschaften an der Mëttesstonn däitlech gemaach, no der Entrevue mam Premier a weidere Ministeren am Schlass zu Senneng.