Invités am Moies-Magazin Christian Mosar an Nancy Braun

De Projet Esch 2022, europäesch Kulturhaaptstad huet schonn Héichten an Déiften duerchlieft. Viru Kuerzem hunn déi Responsabel de Projet nach emol a Rumänie virun der europäescher Jury verteidegt an och zu Lëtzebuerg huet sech scho sou munches gedoen. Nodeems d'Gebléishal ecartéiert gouf, gëtt elo déi al Möllerei mat enger ganzer Partie Niewegebaier, de Quartier général vun Esch 2022.

Mosar-a-Braun
Den artisteschen Direkter vun Esch 2022, Christian Mosar an d'Generaldirektesch, Nancy Braun

Invitéeën am Moiesmagasin beim Jean Claude Majerus sinn déi zwou Persounen, déi Esch 2022 an der nächster Zäit op Orbit solle bréngen. D'Generaldirektesch vun Esch 2022 Nancy Braun an den artisteschen Direkter Christian Mosar.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Nancy Braun
Kulturhaaptstad

Déi nei Equipe, déi d'Rudder vun Esch 2022 iwwerholl huet, ass nach net komplett, d'Sich no enger Finanz- an Administratiounsdirektioun schéngt net einfach ze sinn. D'Generaldirectrice iwwer den aktuelle Stand.

Claude Frisoni
Europäesch Kulturhaaptstad

Hie schätzt d'Aarbecht vun de Coordinateure fir de Projet Esch 2022. Dat seet de Claude Frisoni, de fréiere Coordinateur vu Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad 1995. D'Politiker sollte sech net an de Projet amëschen.

Janina Strötgen an Andreas Wagner
Esch 2022

Den Escher Buergermeeschter huet d'Janina Strötgen an den Andreas Wagner an engem Interview schaarf kritiséiert. De Roberto Traversini an den Dan Biancalana stelle sech awer hannert d'Coordinateuren.

Vu lénks no riets: Pim Knaff, Ralph Waltmans, Andreas Wagner, Guy Arendt.
Esch 2022

D'Gemeng Käerjeng hätt eng positiv Approche géintiwwer der Participatioun un Esch 2022. Et misst elo en transparente Mapping fir all Gemeng a vun alle Projeten erstallt ginn, seet den Andreas Wagner.

Protestpiquet Esch 2022
Europäesch Kulturhaaptstad

Esch2022 wier gepräägt vu finanziellen Onkloerheeten a schlechter Kommunikatioun, soe verschidde Buergermeeschteren. Si fuerderen eng méi kloer Kompetenzopdeelung a méi Vertrauen tëscht all de Parteien.

Janina Strötgen an Andreas Wagner
Europäesch Kulturhaaptstad

Et gëtt spannend Enn dës Joers, wann d'Decisioun geholl gëtt, ob Esch am Joer 2022 de Label als "Europäesch Kulturhaaptstad" kritt oder net.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen