Bis dohinner misst de Luc Frieden nach eng Rei berufflech a familiär Iwwerleeunge féieren, dat heescht, wat ee kombinéiere kéint a wéi eng Implicatiounen een eventuellt Mandat am Europaparlament hätt. Seng Ausso, datt hie sech fir Europa wéilt engagéieren, géif nach ëmmer gëllen. De Luc Frieden war vun 1998 bis 2013 Minister. De Moment ass hien ënner anerem President vun de Verwaltungsréit vun der BIL a vu Saint-Paul Luxembourg.
Georges Bach: Keng Kandidatur méi
De Georges Bach huet dem radio 100,7 géigeniwwer confirméiert, datt hien d'nächst Joer net nach eng Kéier bei den Europawahle kandidéiert. Den 63 Joer ale fréieren Eisebunner a Gewerkschaftler ass zanter 2009 am Europaparlament. Hie wier ëmmer der Meenung gewiescht, et misst een an der Politik antizipéieren an dat wier him an der Lescht ëmmer méi schwéier gefall.
Et wier een ustrengenden Job an hie wéilt och méi no senger Famill kucken. Hie wielt sech an Zukunft, wéi schonn a fréieren Etappe vu sengem Liewen, an den Déngscht vun der Allgemengheet stellen, do gesäit de Georges Bach am Benevolat vill Méiglechkeeten.
Christophe Hansen huet wëlles matzegoen
Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen huet wëlles mat an d'Europawahlen ze goen. Domat confirméiert hie wat hien eis schonn am Summer sot. Dat wier och d'Ursaach gewiescht, firwat hien d'Mandat zu Stroossbuerg ugeholl huet. Hien hat d'Mandat am September vun der fréierer Europadeputéiert Viviane Reding iwwerholl.
Frank Engel: Nach keng Decisioun
Den drëtten CSV-Europadeputéierten, de Frank Engel, sot eis géintiwwer, hien hätt nach keng Decisioun geholl. Et sollt een elo ee Schrëtt nom aneren huelen. Hie waart fir d'éischt emol den CSV-Kongress de 26te Januar of an hie géing do virdrun näischt soen - och net, ob hien eventuell um nationale Plang Ambitiounen op ee Posten an der CSV hätt. Méi CSV-intern Sourcen hunn eis confirméiert datt de Frank Engel mam Gedanke spillt fir als Parteipresident ze kandidéieren.
Definitiv CSV-Lëscht am Februar oder Mäerz
Wien CSV-Spëtzekandidat bei den Europawahlen 2019 soll ginn, wier him am Fong egal, hien hätt do keng Virléift, huet de Georges Bach och nach gesot. D'CSV stellt de Moment mam Georges Bach, dem Frank Engel an dem Christophe Hansen dräi vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéierten.
Bei der CSV soll d'Lëscht mat de sechs Kandidate fir d'Europawahle vum 26. Mee am Februar oder Mäerz 2019 decidéiert ginn, esou de Luc Frieden. Der CSV-Vizepresidentin Martine Hansen no, soll den Opruff fir Kandidaturen eréischt nom CSV-Nationalkongress vum 26. Januar gemaach ginn.
D'CSV wëllt d'Prozedure fir d'Besetzung vun der Europalëscht a vun den neien nationale Gremien de Méindeg am Nationalcomité diskutéieren. De Parteistatuten no gëtt d'Europalëscht eréischt vum neien Nationalcomité guttgeheescht, deen um Nationalkongress de 26. Januar gewielt gëtt. Et sinn also nei Käpp, déi d'Decisioun um Enn huelen. Dat bedeit och, datt déi Leit, déi haut an der CSV um Rudder sinn, nëmme limitéierten Afloss op déi final Decisioun hunn.
Statement vum Georges Bach: