Geheimdéngscht-Affär Nach keen Datum fir Srel-Prozess
Et gëtt nach ëmmer no engem Datum gesicht fir de Srel-Prozess. De Geriichtsprozess iwwer d'Geheimdéngscht-Affär vun 2013 war viru 15 Méint schonn ugesat, war deemools awer reportéiert ginn.
E Prozess virun der Summervakanz ass reng theoretesch nach méiglech, mee da misst deemnächst mat allen Acteuren en Accord iwwer en Datum fonnt ginn. Konkret Piste ginn et nach net. Deemno ass et probabel, datt de Prozess fréistens am Hierscht ass.
Dräi Persoune musse sech viru Geriicht veräntwerten: De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng zwee fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider. Si kréie virgehäit, geheim Informatiounen aus dem Geheimdéngscht matgeholl ze hunn an de Geschäftsmann an Techniker Loris Mariotto illegal ofgelauschtert ze hunn. Déi dräi argumentéieren awer, si hätten den Accord vum Jean-Claude Juncker gehat.
De fréiere politesche Chef vum Srel ass ee vun den Zeien am Prozess: Méiglecherweis ass de Jean-Claude Juncker zum Zäitpunkt vum Prozess net méi President vun der EU-Kommissioun. De Jean-Claude Juncker kandidéiert net fir en zweet Mandat. Hien ass deemno just nach am Amt bis déi nei EU-Kommissioun am Hierscht vereedegt gëtt.
Enn 2017 war de Srel-Prozess wéinst Terminproblemer reportéiert ginn. De Jean-Claude Juncker war just op engem Dag disponibel, op deem keng Geriichtsseance méiglech war.
Kuerz dono ass en halleft Joer drop gaange wéinst Plainten, déi de Marco Mille an de Fränk Schneider gemaach hunn. Si haten eng vun de Piècen am Dossier vum Untersuchungsriichter kontestéiert. Ouni Erfolleg.
Zanter dem Hierscht 2018 gëtt no engem neien Datum gesicht, mee bis haut ouni Succès, esou de Justizspriecher Henri Eippers.
D'Srel-Affär war ee vun de groussen Ausléiser fir d'avancéiert Neiwahlen am Oktober 2013. D'CSV-LSAP-Regierung vum Jean-Claude Juncker ass an d'Bréch gaangen, nodeems Dysfonctionnementer am Geheimdéngscht bekannt goufen. Am Srel-Prozess geet et just ëm een Deel vun der Affär. Aner juristesch Volete si verjäert oder nach an der Instruktioun.