Corona-Pandemie Nach kee kloren Trend

Mat 225 Hospitalisatioune si lo méi Covid-Patienten an de Spideeler wéi zum Héichpunkt vun der éischter Corona-Infektiounswell am Fréijoer. An d'Zuel vun neie Patienten, déi pro Dag hospitaliséiert ginn, läit däitlech iwwer dem deemolegen Niveau. Eng Rei Indicateuren deiten drop hin, datt deen Trend nach kéint unhalen.

Pia Oppel

Statistiken zur Corona-Pandemie

Engersäits klëmmt d'Zuel vun iwwer 60 Joer ale Persounen, déi sech ustieche weider: Iwwer 400 waren et der d'lescht Woch - däitlech méi wéi nach d'Woch virdrun.

Mëttlerweil mécht d'Alterskategorie vun de 60+ bal ee Fënneftel vun den aktiven Infektiounen aus - hiren Undeel ass déi lescht Woche lues mee konstant geklommen.

Bei den Nei-Infektiounen konnt eng weider explosiounsaarteg Hausse wéi an der Woch vum 19. Oktober kloer evitéiert ginn. Mat iwwer 700 Neiinfektiounen um 3. November bleift een awer op engem héijen Niveau. An een effikasse Contact Tracing - deen dozou soll bäidroen d'Kontroll iwwer d'Situatioun ze behalen - ass esou weiderhin net méiglech.

Hausse vu Virus-Konzentratioun am Ofwaasser

Wéi volatil d'Situatioun ass, weisen déi nei Wäerter aus de Kläranlagen: D'Konzentratioun vu Virus-Réckstänn am Ofwaasser ass ufanks dëser Woch nees geklommen. D'Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie, LIST, hat d'lescht Woch nach eng däitlech Baisse bei enger Majoritéit vun de Miessstatioune festgestallt. Mee iwwer de Weekend sinn d'Wäerter nees geklommen.

Bis eng Persoun, déi sech ustécht, muss hospitaliséiert ginn, kann et puer Wochen daueren. Mat wéi enger Entwécklung elo an de Spideeler ze rechnen ass, doriwwer leien der Santé Projektioune vir, déi awer net publizéiert ginn. Dëst wéinst der Komplexitéit vun dësen Donnéeën, heescht et op Nofro hin am Ministère.

Méi zum Thema

Kläranlag
Corona-Epidemie

D'Konzentratioun vum Coronavirus-Genmaterial an de Kläranlagen ass Enn leschter Woch erofgaangen - bleift awer global op engem héijen Niveau. Dat geet aus dem neiste LIST-Rapport ervir.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen